Zentralregioun (Portugal)

Vu Wikipedia
Lag vun der Zentralregioun

D'Zentralregioun (Região Centro) ass eng Regioun vu Portugal. Si ëmfaasst d'Distrikter Coimbra a Castelo Branco ganz, de gréissten Deel vun den Distrikter Aveiro, Viseu a Guarda, dräi véirels vum Distrikt Leiria an e Krees vum Distrikt Santarém.

D'Nopeschregioune sinn Região Norte am Norden, Alentejo a Lisboa e Vale do Tejo am Süden. Am Oste grenzt d'Regioun u Spuenien an am Weste läit den Atlantik.

Si huet eng Fläch vun 28.405 km², dat si 31 % vum portugisesche Festland an eng Bevëlkerung vun 2 570 002 (Stand: 2007).

D'Region ass an 10 statistesch Ënnerregiounen agedeelt: