Zhang-Fei-Tempel

Vu Wikipedia

Den Zhang-Fei-Tempel (Chineesesch 张飞庙, Zhang Fei miao) och nach Tempel vum Grof Zhang vun Huan am Krees Yunyang (云阳县) vun der Stad Chongqing an der Volleksrepublik China gouf zu Éiere vum Shu Han-Generol Zhang Fei, engem chineesesche Militärchef aus der Zäit vun den Dräi Räicher (220-280), gebaut. Den Tempel huet eng Geschicht vu méi wéi 1700 Joer. Zanter 2001 steet den Zhang-Fei-Tempel (Zhang Huan hou miao) och op der Lëscht vun de Monumenter vun der Volleksrepublik China.

Am Joer 2003 gouf deen Tempel 32 km flossopwäerts op eng méi héich Plaz verluecht, wéinst dem Bau vun enger Staumauer um Jangtsekiang (Yangtse Floss). Haut steet en am Duerf Long'an (龙安村). Déi ursprénglech Tempelplaz läit elo wéinst dem Dräi-Schluchten-Damm ënner dem Waasserspigel.

Bedeitung[änneren | Quelltext änneren]

Den Zhang-Fei-Tempel gehéiert zu de wéinegen historesche Reliquien, déi beim Yangtse Floss fonnt goufen. Ursprénglech gouf den Tempel um Fouss vum Bierg fléiende Phenix um Jangtsekiang gebaut. Den Numm Zhang Fei steet bis haut a China fir Wäisheet a Mutt vun engem wichtege Militärchef. Den Originaltempel huet d'Landschaft vu China verschéinert a stellt déi mysteriéis Schéinheet vun der aler chineesescher Architektur duer.

Wärend méi wéi dausend Joer huet den Tempel eng enorm Zuel vun Visiteuren ugezunn. Net nëmme wéinst sengem eenzegaartegen Architekturstil, mä och wéinst den anere Konschtwierker, déi een am Tempel fënnt. Leider gouf deen Tempel am Joer 1870 duerch eng Flut vum Yangtse zerstéiert, mä spéider an engem anere Baustil erëm opgeriicht. Den neien Tempel besteet awer weiderhin aus iwwer 4.500 kulturelle Reliquien, 127 ale Beem an 178 Holzschnëtzereien. Déi goufe mat vill Gedold a Prezisioun an den neien Tempel bruecht.

Legenden[änneren | Quelltext änneren]

Et gëtt zwou Legenden iwwer den Zhang-Fei-Tempel. Et gëtt gesot, datt den Zhang Fei um Enn vu senger Herrschaft gekäppt gouf. Säi Kapp gouf an de Yangtse Floss gehäit. Zu deem Ament hat e lokale Fëscher en Dram, datt hien de Kapp vum Zhang Fei rette soll. Den aneren Dag huet hie säi Kapp fonnt an en Tempel gebaut fir den Zhang Fei an Erënnerung ze halen.

Enger anerer Legend no, soll d'Gold fir d'Finanzéiere vun dësem Projet aus dem Yangtse Floss gefëscht gi sinn.

Relokalisatioun[änneren | Quelltext änneren]

D'Relokalisatioun vum Tempel aus dem Joer 2003 war extreem wichteg fir China, well et net akzeptabel gewiescht wier fir e kulturell bedeitungsvollen Tempel einfach sou verschwannen ze loossen. Fir dat Schicksal z'ënnerbannen hunn national Experte fir d'Relokalisatioun vun alen Architekture sech zesummegesat fir dee grousse Projet ze realiséieren. Méi wéi 300 Experten hu beim Projet mat geschafft. Fir d'Relokalisatioun virzebereeden goufen Dausende vu Fotoe vun der Originalplaz gemaach, sou datt e méiglechst originalgetrei rëm konnt opgebaut ginn.

Mat gréisster Virsiicht goufen all eenzel Skulpturen an Holzplacken aus dem Tempel erausgeholl, fir op déi nei Plaz ze bréngen. Déi gouf am Duerf Long'an no engem wichtege Krittär erausgesicht: e soll der Originalplaz geographesch sou vill wéi méiglech gläichen. Et goufen awer net nëmme Konschtwierker aus dem Tempel relokaliséiert, mä och Planzen a Steng.

D'Verleeë vum Tempel huet ongeféier 8,5 Milliounen US-Dollar kascht.

Doriwwer eraus gouf och en dräistäckege Musée ënner dem neien Tempel gebaut.

Zhang-Fei-Musée[änneren | Quelltext änneren]

De Musée besteet aus enger Haapthal, enger Säitenhal, dem Jieyi Gebai an dem Cuckoo Pavillon. Um éischte Stack fënnt ee Biller an Holzschnëtzereien. Um zweete Stack fënnt ee Statuen, ënner anerem vum Zhang Fei. Um drëtte Stack steet eng Replik vun der Bronzebüste vum Zhang Fei, well déi original ze schwéier war fir ze transportéieren.