Zimier

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Stub W.svg Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.

En Zimier (franséisch "cimier", englesch "crest") ass den Numm fir eng mëttelalterlech Helm-Dekoratioun. An der Heraldik gëtt de Begrëff heiansdo, amplaz vum Wuert Timbre, fir de ganzen Helm mat senger Dekoratioun benotzt.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Sigel vum Baudouin vu Flandern aus dem Joer 1197

Den éischten dokumentéierten mëttelalterlechen Zimier as deen um Sigel vum Grof Baudouin IX. vu Flandern em'd Joer 1197 wou e klénge Léiw ("lion passant") um Helm steet.

Kuerz duerno verbreet sech de Gebrauch vun Zimieren, duerch West Europa. Speziell am Hellege Réimesche Räich ginn d'Zimiere séier en Zeeche vun der Ritterschaft an hire Famillen.

Bei de Lëtzebuerger Grofe kënne mer mam Heinrich VII. sengem Sigel aus dem Joer 1297 fir d'éischt sou een Zimier, deen e befligelten Drach (d'Melusina) deen aus ënger Biitche klëmmt duerstëllt, noweisen. Vum Jang de Blannen un, droen dann d'Grofen den traditionelle béimeschen Zimier vun engem Puer schwaarze Flilekken déi mat gëllene Lanneblieder garnéiert sinn (un vol de sable semé de feuilles de tilleul d'or).

Bibliographie[änneren | Quelltext änneren]

  • Manuel du Blason, D. L. Galbreath, Léon Jéquier
  • Armorial du pays de Luxembourg, Dr. Jean-Claude Loutsch