Zirkumpolar (Astronomie)

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Zirkumpolar)

An der Astronomie bezeechent een als zirkumpolar, déi astronomesch Objeten, déi an der Géigend vun den Himmelspole stinn, an net ënnerginn.

Am Zesummenhank mat Stäre schwätzt ee vun Zirkumpolarstären, bei Stärebiller vun Zirkumpolarstärebiller.

Polarstär an zirkumpolar Stären

Dat Wuert Zirkumpolar kënnt vum laténgeschen circum, »ronderëm«, a griichesch pólos, »Wierbel, Trëndel«)

Duerch d'Äerdrotatioun, beschreiwen d'Stären eng visuell Kreesbunn, fir déi de Mëttelpunkt op der Äerdachs läit. Wann engem Objet seng Kreesbunn den Horizont schneit, geréit et am Laf vun der Dréiung ënner den Horizont, et geet ënner.

Zirkumpolar Stäre sinn déi ganz Nuecht iwwer ze gesinn, well si fir den Observateur op der respektiver Hallefkugel net ënnerginn.

D'Stärebiller vun der Zirkumpolarregioun sinn zanter Éiwegkeet vu grousser Bedeitung fir d'geographesch Orientéierung. An der animéierter Graphik gëtt gewisen, wéi een de Polarstär fanne kann, an domat d'Himmelsrichtung Norde bestëmme kann.

  • Guer net sou liicht auszemaachen um Himmel ass de „klenge Won“ oder „klenge Bir“ Ursa Minor, wéi z. B. seng Noperen „grousse Won“ oder „grousse Bir“ Ursa Major oder d'Stärebild Cassiopeia, dat wéi e grousse „W“ ausgesäit.
  • De klenge Won, an domat och de Polarstär, stinn ongeféier an der Mëtt tëscht dem Stärebild Cassiopeia an dem grousse Won.
  • Eng Fauschtreegel fir de Polarstär ze fannen ass: Wann een d'Streck vun den zwéin hënneschte Stäre vun der Këscht vum grousse Won fënnefmol verlängert, da stéisst een automatesch op d'Positioun vum Polarstär.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Zirkumpolar Stären – Biller, Videoen oder Audiodateien