Zisterzienser

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Stub W.svg Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
De Wope vun den Zisterzienser.

D'Zisterzienser bilden en Uerde vun der réimesch-kathoulescher Kierch, mam offiziellen Numm Ordo Cisterciensis (ofgekierzt OCist). Et gëtt souwuel eng männlech (reliéis Bridder a Pateren) wéi eng weiblech Branche (Nonnen).

Dësen Uerde geet op de Robert vu Molesmes zréck, deen 1098 eng Benediktinergemeinschaft zu Cîteaux gegrënnt huet, mam Zil ërem streng dem Benedikt vun Nursia senger Regel vun 450 ze follegen, wat dee Moment bei de Benediktiner net méi de Fall war. An dës Gemeinschaft vu Cîteaux ass dunn och de Bernhard vu Clairvaux agetrueden, deen 1115 d'Klouschter vu Clairvaux gegrënnt huet vun deem aus d'Zisterzienser sech a ganz Europa verbreet hunn.

D'Membere vum Uerde versprieche Bestännegkeet (stabilitas), bestänneg Ëmkéier (conversatio morum) a Gehorsam (oboedientia). Si liewen a Kléischter déi entweder Abteie sinn (méi wéi 12 Memberen a vum Poopst zur Abtei erhuewen, mat engem Abt, respektiv enger Äbtissin un der Spëtzt), oder Prioraten (ofhängeg vun enger Abtei oder selbstänneg, mat engem Prior, respektiv enger Priorin un der Spëtzt). D'Abteien an d'Priorater sinn a verschidde Kongregatiounen zesummegefaasst. Weltwäit gehéieren ongeféier 1400 Männer an 870 Fraen zum Zisterzienseruerden (September 2005).

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Zisterzienser – Biller, Videoen oder Audiodateien