Zitadell Québec

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Vue vun der Zitadell.

D′Zitadell vu Québec ass e Festungswierk a militäresch Installatioun zu Québec am Kanada. Si ass Deel vun de Festungsanlage vu Québec, der eenzeger ëmwallter Stad an Nordamerika, an zanter hirem Bau 1820 bis 1831 a Gebrauch. Si läit op der Héicht vu Cap Diamant. D′Zitadell an den Historeschen Distrikt vun Al-Québec goufen 1985 op d′UNESCO Lëscht vum Weltkulturierwen opgeholl.

D′Parlamentsgebai vum Québec an eng Rei Verwaltungsgebaier sinn no bei der Zitadell.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Déi éischt Enceinte vun der Stad gouf am 17. Joerhonnert ënner dem Louis de Buade, sieur de Frontenac, Gouverneur vu Québec gebaut. De Plang gouf vum Festungsingénieur Jacques Levasseur de Néré (1662-1723) gemaach a vum Louis XIV sengem Generolkommissär fir Befestegunge Sébastien Le Prestre de Vauban 1701 guttgeheescht. Si war d′Reaktioun op den Ugrëff vun enger Flott vun de britesche Kolonien 1690 op d′Stad , déi duerch de Gouverneur ofgewiert gi war. D'Angscht blouf awer bestoen, datt Québec kéint belagert ginn an déi provisoresch gebaute Verdeedegungsanlage goufe vun 1693 un duerch permanenter ersat. 1721 goufen d′Aarbechten ënnerbrach, well d′Verdeedegung vun anere Stied géint Ugrëffer vu Briten an Truppen aus Nei-England Prioritéit krut.

No der Belagerung an der Prise vu Louisbourg 1745 goufen d'Aarbechten ënner dem Festungsingénieur Gaspard-Joseph Chaussegros de Léry erëm opgeholl, ma d′Zitadell gouf eréischt während dem Krich vun 1812 fäerdeg gestallt. Hir haiteg Form krut d′Zitadell während Moderniséierungsaarbechten tëscht 1820 an 1831, fir d′Stad besser virun engem US-amerikaneschen Ugrëff ze schützen a fir de briteschen Truppe Schutz ze bidden. Een Deel vun de franséische Festungsanlage vu 1745 gouf dobäi mat iwwerholl.

D′Majoritéit vun de Festungsanlage vun der Stad Québec blouf duerch d′Interventioun vum Generolgouverneur vu Kanada (18721878), Frederick Hamiton-Temple-Blackwood, Lord Dufferin erhalen, deen aus der Zitadell seng offiziell Residenz gemaach huet.

D′Zitadell war tëscht 1943 an 1944 d′Plaz wou de Winston Churchill, de Franklin D. Roosevelt an de William Lyon Mackenzie King hir gemeinsam Strategie fir den Zweete Weltkrich an de sougenannte Québec Konferenzen diskutéiert hunn.

Zanter 1920 ass d'Zitadell den Haaptquartéier vum kinneklechen 22. Regiment vun der kanadescher Arméi. Donieft ass si zanter 1872 och d′offiziell Residenz vum Generalgouverneur vu Kanada deen, sou wëll et d'Traditioun, all Joer e puer Wochen do residéiert. D′Haaptresidenz vum Generalgouverneur ass zu Rideau Hall, an der Stad Ottawa.

De 4. Abrëll 2008 ass eng Hal an der Zitadell no enger Explosioun quasi ofgebrannt. Vu datt si zum groussen Deel aus Holz gebaut war, blouf nëmmen eng Baussemauer stoen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Zitadell Québec – Biller, Videoen oder Audiodateien