Zivilrecht zu Lëtzebuerg
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| Dësen Artikel gehéiert zur Serie vun den Droits-Artikelen. Dës Explikatioune bezéie sech am Prinzip just op dat lëtzebuergescht Recht. Ënner Ëmstänn goufen déi lescht Changementer an der Legislatioun an/oder der Jurisprudenz nach net berécksichtegt. Et handelt sech och net ëm e juristesche Rot, mee ëm eng vereinfacht Duerstellung fir Laien. A konkrete Fäll soll ee sech ëmmer un en Affekot wennen! |
| Dësen Droitsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Zu Lëtzebuerg bezitt sech d'Zivilrecht (Droit civil), grad wéi a Frankräich, op all Froen a juristesch Akten, fir déi d'zivil Juridictioun zoustänneg ass. D'Zivilrecht steet dem Handelsrecht, dem Strofrecht an dem administrativen Recht geegeniwwer a bezitt sech haaptsächlech op d'physesch Persounen, an op d'moralesch Persoune mat zivilrechtlechem Charakter.
D'Regelen vum Droit civil stamen aus dem Code Napoléon, grad wéi an de meeschte franséischsproochege Länner (wéi d'Belsch, Frankräich, Kanada a Schwäiz), an deen a senger Originalform 1804 a Frankräich a Kraaft getrueden ass.
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Inhalt vu sengen dräi Bicher
- Buch I: Iwwert d'Persounen, mat senge wichtege Titeren, wéi:
- Titel I: Genoss vu de Zivilrechter (jouissance)
- Titel II: Zivilrechtlech Akten
- Titel III: Wunnuert (domicile)
- Titel IV: Déi, déi net resp. nimméi dosinn (absents)
- Titel V: Bestietnes
- Titel VI: Scheedung (divorce)
- Titel VII: Nokommen (filiation)
- Titel VIII: Adoptioun
- Titel IX: Autoritéit vu den Elteren
- Titel X: Minoritéit (minorité, tutelle et émancipation)
- Titel XI: Majoritéit (Majorité et majeurs protégés par la loi)
- Buch II: Den Eegentum vu Gidder (Propriété) a seng Ännerungen
- Titel I: Ënnerscheedung vu de Gidder
- Titel II: Eegentum (propriété)
- Titel III:De Genoss an de Gebrauch vum Eegentum (Usufruit et usage de la propriété)
- Titel IV: D'Belaaschtungen vum Eegentum (servitudes et services fonciers)
- Buch III: Déi verschidde Manéieren, déi zu sengem Besëtz féieren
- Titel I: Successiounen
- Titel II: Donatiounen an Testamenter (donations entre vifs et testaments)
- Titel III: D'Kontrakten (contrats et obligations conventionnelles en général)
- Titel IV: Aner Engagementer (engagements qui se forment sans convention)
- Heirënner fält och d'Haftung a senge verschiddene Formen (art 1382 an art. déi duerno kommen)
- Titel V: Regimen tëschent bestueten Partner (contrat de mariage et régimes matrimoniaux)
- Titel VI: De Verkaf (vente)
- Titel VII: Den Tausch (l'échange)
- Titel VII: D'Locatioun