Zockerfabréck vu Boneffe

Vu Wikipedia

D'Zockerfabréck vu Boneffe gouf den 12. Mee 1871 gegrënnt.

Deemools hate sech fënnef Bauere vu Boneffe, Branchon an Hemptinne zesummegedo fir eng Gesellschaft ze grënnen, déi Zocker aus Rommele sollt produzéieren, a sech och ëm de Verkaf vun den Zockerprodukte sollt bekëmmeren. Déi fënnef Proprietäre vun de Lännereie waren d'Louise Wautier, an de Charles-Louis-Constant Stévenart vu Boneffe, d'Anne-Maximilienne Bouvier vun Hemptinne, de François-Joseph Stévenart an de Jules-Joseph Courtoy vu Branchon.

D'Associéen hu sech engagéiert, op hiren Terraine Rommelen ze planzen, a 600 Tonne Rommelen pro Aktie ze liwweren.

D'Fabréck déi sech séier vergréissert huet, huet an hirer beschter Zäit all Saison bis zu 12.000 Tonne Rommele veschafft, an et hu méi wéi honnert Leit do geschafft.

Wéinst der Restrukturatioun an der Konzentratioun vun de Rommelsschnëtzereien huet se 1920 hir Dieren zougemaach.