Zockerhutt

Vu Wikipedia
En Zockerhutt

En Zockerhutt ass Zocker, deen an d'Form vun engem Kegel mat ofgerënnter Spëtzt gepresst ginn ass.

Fréier gouf den Zocker dacks ënner där Form verkaaft, haut gëtt en sou héchstens nach an der Industrie gebraucht.

Wéi den Zockerhutt allgemeng gebräichlech war, gouf d'Wuert op aner Saachen iwwerdroen, z. B. Bierger (wéi den Zockerhutt bei Rio), Haiser oder Planzen (Zockerhuttfiicht).

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Zuckerhutt – Biller, Videoen oder Audiodateien