Zombie Film

Vu Wikipedia
Dësen Artikel aus dem Film- an Televisiounsberäich ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Zombie Film
Film
Produktiounsland Lëtzebuerg
Produktiounsjoer 2005
Première 2005
Originalsprooch Lëtzebuergesch
Ekipp
Regie Patrick Ernzer
Mike Tereba
Dréibuch Patrick Ernzer
Mike Tereba
Fotografie Carlo Pallucca
Musek Patrick-Yves Kleinbauer
Produzent Obskura a.s.b.l.
Schauspiller
Steve Thull als Pit
Lionel Becker als Mich
Vincent Meyer als Alain
Mendaly Ries als Trixie
Mike Tereba als Jean-Yves
Sarah Hoffmann als Chantale
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Den Zombie Film ass den éischte Lëtzebuerger Zombiefilm. E gouf 2005 vun Amateure ronderëm de Patrick Ernzer an de Mike Tereba op d'Bee gestallt.

Ëm wat geet et am Film?[änneren | Quelltext änneren]

De Pit an de Mich zéie lass fir zesumme mat hirer gemeinsamer Frëndin Susie (enger Gummispopp) an engem Kolleeg sengem Weekendhaische matzen am Bësch a Rou e gudden ze huelen an eng ze fëmmen. Duerch Zoufall fanne se do ënner engem Bett en ale Schräin mat enger Kassett dran. Wéi se déi du lauschteren, fänken d'Zombien un am Bësch aus dem Buedem ze komme wéi Champignonen. Mä déi zwéi Kolleege sinn do scho sou zou datt se dat guer net sou richteg matkréien. An deem Moment stranden déi zwou Koppele Mausi a Stupp an Trixie an Alain och beim Weekendhaus, well se sech komplett am Bësch verrannt hunn. Ideal Affer fir d'Zombien. De Pit an de Mich kënne just nach versiche mam Liewen dovun ze kommen.

Wann ee vu pixelege Schieter an engem schlechten Toun absënns bei haarden Téin (a gejaut gëtt dacks am Zombie Film) emol ofgesäit, a scho mat der Astellung an de Kino gaangen ass fir keen elaboréiert Meeschterwierk, mä just en trashegen Amateursfilm, dee sech selwer net eescht hëlt, kucken ze goen, da kann een duerchaus déi sëllege komesch Momenter am Film ganz lëschteg fannen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]