Zoran Janković
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Zoran Janković, Spëtznumm Zoki, gebuer den 1. Januar 1953 zu Saraorci bei Smederovo a Serbien, ass e slowenesche Geschäftsmann a Politiker.
De Janković huet vun 1997 bis 2005 fir d'Handelschaîne Mercator geschafft, der gréisster Detail-Handelsketten a Slowenien. Hien huet d'Grupp ausgebaut zu der gréisster slowenescher Entreprise, déi a ganz Südosteuropa aktiv ass. 2005 gouf hien aus dem Directiounscomité vu Mercator entlooss.
Hie gouf 2006 Buergermeeschter vu Ljubljana a gouf 2010 erëmgewielt). Mat senger Partei Positivt Slowenien huet hien am Dezember 2011 d'Parlamentswale gewonnen.
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Zoran Janković – Biller, Videoen oder Audiodateien |