Zoran Milanović
Den Zoran Milanović, gebuer den 30. Oktober 1966 zu Zagreb, ass e kroatesche Politiker. Hien ass de Leader vun der mëtt-lénker Sozialdemokratescher Partei vu Kroatien (SDP) ann ass zënter dem 23. Dezember 2011 Premierminister a Kroatien.
Hien huet zënter 1993 am kroateschen Ausseministère geschafft, a war ë.a. Conseiller an der kroatescher Ambassade bei der NATO an de EU zu Bréissel.
2004 gouf en an de Comité directoire vun der SDP gewielt. Um ausseruedentleche Pareikongress am September 2007 gouf zum Nofolger vum zeréckgetruedene Parteipresident Ivica Račan gewielt.
No de Parlamentswale vun 2007 koum et zu enger Koalitiounsregierung ënner dem Premier Ivo Sanader (HDZ), d'SDP goung an d'Oppositioun. De Milanovic gouf am Mee 2008 zum Parteipresident erëmgewielt. 2011 huet d'SDP sech mat 3 anere Lénksparteien am Walkampf zesummegedoen, der sougenannter Kukuriku-Koalitioun, déi d'Wale mat enger absoluter Majoritéit gewonnen huet.
De Milanović gouf vum Parlament zum Premierminister gewielt an huet säin Amt den 23. Dezember 2011 ugetrueden.
Hien ass bestuet an huet 2 Kanner.
[änneren] Um Spaweck
| Commons: Zoran Milanović – Biller, Videoen oder Audiodateien |