Zousazschëld Modell 2

Vu Wikipedia
Zousazschëld Modell 2
Verkéiersschëld C,18 mam Zousazschëld Modell 2
Verkéiersschëld E,27a mam Zousazschëld Modell 2

De Modell 2 ass en Zousazschëld aus dem Lëtzebuerger Code de la Route dat ugëtt:

  • wann et ënner dem Schëld C, 18 ubruecht ass: datt d'Plazen déi geméiss dem Artikel 110 markéiert sinn, eventuell op bestëmmten Deeg a Stonne reservéiert si fir Gefierer déi stallhalen, absënns fir Butteker ze beliwweren ;
  • wann et ënner dem Schëld E, 27a ubruecht ass: datt de Liwweranten den Accès an d'Foussgängerzon nëmmen op bestëmmten Deeg an Zäiten erlaabt ass.

Eventuell ass hanner dem Symbol eng Opschrëft mat den Deeg an Zäite wéini d'Reegelung gëllt.

Originaltext aus dem Code de la Route:[1]

Le modèle 2 indique,

  • lorsqu'il complète le signal C,18, que les emplacements marqués conformément à l'article 110 sont réservés, le cas échéant certains jours et heures, aux véhicules à l'arrêt, notamment en vue d'effectuer l'approvisionnement des commerces;
  • lorsqu'il complète le signal E,27a, que l'accès à la zone piétonne n'est autorisé aux fournisseurs que certains jours et heures.

Le cas échéant, le symbole est suivi de l'inscription des jours et des heures pendant lesquels ces dispositions sont applicables.

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Artikel 107 – IX. Symboles et indications additionnels aus dem Arrêté grand-ducal du 23 novembre 1955 portant règlement de la circulation sur toutes les voies publiques mat Ännerungen duerno, op Legilux - den Droitsportal vun der Lëtzebuerger Regierung; fir d'lescht gekuckt de 15. Februar 2014.