Zuchaccident zu Diddeleng

Vu Wikipedia

D'Zuchaccident zu Diddeleng ass de 14. Februar 2017 um 8h45 op der CFL-Linn 6 op der Héicht vun der Firma Husky kuerz nom Beetebuerger Triage, um Gebitt vun der Gemeng Diddeleng geschitt.[1]

Et war eng Frontalkollisioun tëscht engem Passagéier- an engem Gidderzuch. Dobäi koum eng Persoun - de Maschinist vum Passagéierzuch - ëm d'Liewen.[2],[3]

De Passagéierzuch war eng Automotrice mat 3 Waggonen aus der 2200er Rei vun den CFL; de Gidderzuch bestoung aus zwou Serie 13-Lokomotive vun der SNCB a 27 eidele Waggonen ë. a. fir Stolblech ze transportéieren. En hat eng Längt vun 330 Meter an e Gewiicht vu 610 Tonnen. De Persounenzuch war duerch e Stopp-Signal gefuer.[1],[4]

Nieft där enger Persoun, déi ëm d'Liewe koum, gouf de Maschinist vum Gidderzuch méi schwéier an eng Zuchbegleederin am Persounenzuch méi liicht blesséiert.[1]

D'Zuchaccident zu Zoufftgen, am Joer 2006, war op der selwechter Streck, e puer honnert Meter méi südlech, direkt op der franséischer Grenz.

Chronologie[änneren | Quelltext änneren]

De Persounenzuch 88807 vu Beetebuerg a Richtung franséisch Grenz hätt misse virum Signal Dm zu Beetebuerg stallhalen, fir de Gidderzuch 49800 an de Beetebuerger Triage erafueren ze loossen[5],[6].

Virum Haaptsignal Dm huet e Virsignal (signal fixe avancé) de Mecanicien vum Persounenzuch drop higewisen, datt e säin Zuch virum Haaptsignal (signal fixe principal) Dm misst stoppen. Obwuel de Mecanicien seng Vitess hätt misse reduzéieren, ass en ouni ze bremse weidergefuer.

Firwat de Mecanicien net reagéiert huet ass am Ament (Mäerz 2017) nach net bekannt.

Eng technesch Ariichtung am Gleis (Krokodil), wat d'Buedemkomponent vum Zuchsécherungssystem Memor II+ ass, hätt der Automotrice d'Positioun vum Virsignal iwwerdroe missen. D'Opzeechnung weist allerdéngs, datt d'Automotrice keen Impuls kritt huet. D'Bordkomponent vum Memor II+, déi ageschalt war, konnt also keng Noutbrems aleeden, och wann de Mecanicien dat net vu sech aus gemaach huet.

Eréischt wéi de Persounenzuch beim Signal Dm (net wäit vun der Onglécksplaz ewech) laanscht gefuer ass, huet de Mecanicien eng Noutbrems ageleet, obwuel dat Signal scho puer honnert Meter virdrun ze gesi war. Den Zuchsécherungssystem Memor II+ huet de Passage vum Haaptsignal opgezeechent. Wéi d'Noutbrems vum Mecanicien ausgeléist gouf, war de Persounenzuch 88807 mat enger Vitess vun 133 km/h ënnerwee.

Trotz der Noutbrems war d'Kollisioun net méi vermeidbar, well d'Distanz fir d'Bremse vum Zuch ze kuerz gi war. Ier dee mam Gidderzuch 49800 kollidéiert ass, gouf eng lescht Vitess vu 85 km/h opgezeechent.

Dësem provisoresche Rapport no hu follgend Ëmstänn zum Zuchaccident de 14. Februar 2017 geféiert:

  • De Mecanicien huet net op d'Virsignal (signal fixe avancé) reagéiert, dat d'Positioun "Avertissement" affichéiert huet, an huet seng Vitess net reduzéiert, sou wéi et am Reglement virgesinn ass,
  • den Impuls deen de Krokodil vum Zuchsécherungssystem Memor II+ hätt missen iwwerdroe gouf net vum Persounenzuch 88807 empfaangen, wat dozou geféiert huet datt de Memor II+ keng Noutbremsung ageleet huet,
  • wéi de Mecanicien vum Persounenzuch realiséiert huet, datt d'Haaptsignal Dm "Halt" affichéiert huet, war d'Distanz fir ze bremsen ze kuerz, wat zu der Kollisioun geféiert huet.

Fir all d'Ëmstänn vum Accident feststellen ze kënnen, goufen nach eng geriichtlech an eng technesch Ermëttlung gefouert. Déi technesch Ermëttlung gouf am Februar 2020 publizéiert.[7],[8] Wat de geriichtleche Volet betrëeft, sou huet de Parquet den 11. Februar 2020 en Non-lieu gefrot.[9],[10]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 "Zuchongléck Beetebuerger Triage: CFL-Passagéierzuch duerch Stopp-Signal gefuer." rtl.lu, Leschten Update: 15.02.2017, 09:09:49.
  2. "Un mort et deux blessés dans la collision." lessentiel.lu, 2017-02-14.
  3. Collision entre deux trains op francetvinfo.fr
  4. "Le conducteur a franchi un signal d'arrêt." lessentiel.lu
  5. Conclusions du rapport d'expertise préliminaire suite à l'accident ferroviaire du 14 février 2017
  6. Rapport d'étape vun der Administration des enquêtes techniques
  7. "Tödliches Zugunglück: Bis ins letzte Detail." wort.lu, 14.02.2020.
  8. RAPPORT FINAL Collision ferroviaire du 14 février 2017 à Dudelange op aet.gouvernement.lu, 17.02.2020
  9. "Communiqué du Parquet de Luxembourg en relation avec l'accident ferroviaire du 14 février 2017 à Dudelange." op justice.public.lu, 11.02.2020.
  10. "Zugunglück in Bettemburg: Verfahren wird wohl eingestellt." wort.lu, 11.02.2020.