Zuchongléck zu Zoufftgen
D'Zuchongléck zu Zoufftgen ass en Accident, bei deem den 11. Oktober 2006 e Persounenzuch an e Gidderzuch op der franséisch-lëtzebuergescher Grenz bei der Uertschaft Zoufftgen kollidéiert sinn.
Géint véirel vir 12 sinn um PK 203,700 d'Automotrice 2207 vun den CFL an e franséische Gidderzuch vun der Verbindung Basel - Beetebuerg op der Héicht vun der Grenz frontal kollidéiert.
Well de Persounenzuch zum Zäitpunkt vum Ongléck nach zum Deel op Lëtzebuerger Territoire stoung, hat d'Accident en internationalen Charakter.
Inhaltsverzeechnes |
Emstänn [änneren]
Rettungsplang [änneren]
Bilan [änneren]
De Bilan vum Accident war:
- 6 Doudeger, 2 Lëtzebuerger a 4 Franzousen, dorënner de Mecanicien an en Aarbechter deen op dem gespaarte Gleis geschafft huet
- 1 schwéier blesséierte Franzous, deen an d'Spidol an d'Stad Lëtzebuerg transportéiert gouf
- 15 liicht Blesséierter, dorënner och Leit, déi ënnert engem Schock gelidden hun, an déi op Diddenuewen an an d'Stad Lëtzebuerg bruecht goufen [1].
Enquête [änneren]
Well d'Accident a Frankräich an zu Lëtzebuerg passéiert ass, hunn de Parquet vun Diddenuewen a vu Lëtzebuerg parallel eng Enquête opgemaach, fir ze kläre wie Schold wier.
De Prozess [änneren]
Den 8. Oktober 2007 huet de Stater Parquet sechs Agente vun den CFL wéinst onfräiwellegem Doutschlag an onfräiwelleger Kierperverletzung ugeklot. D'Charge géint zwéin Direktiounsbeamte goufen am weidere Verlaf fale geloos.
An éischter Instanz goufen den 29. Januar 2009 veruerteelt:
- De Fahrdéngschtleeder vun der Spéitschicht zu 4 Joer Prisong, dovunn 2 Joer mat Sursis,
- den Zuchmelder zu 46 Méint Prisong ouni Sursis,
- de Weichesteller zu engem Joer Prisong mat Sursis,
- de Fahrdéngschtleeder vun der Fréischicht zu 6 Méint Prisong mat Sursis.
Ausser dem Weichesteller gongen déi aner dräi an Appell.
Den 23. September 2009 huet de Prozess an zweeter Instanz um Appellatiounshaff ugefaang. Den 2. Dag huet d'Verdeedegung am Artikel 422 vum Code pénal eng Verfassungswiddregkeet festgestallt. De Prozess gouf ausgesat an d'Verfassungsgeriicht huet den 19. Mäerz 2010 den Untrag zeréckgewisen an den Artikel 422 fir konform erkläert.
Kuckt och [änneren]
Um Spaweck [änneren]
- Photos prises sur place par le Centre d'Intervention de Dudelange
- Rapport d'enquête technique du Bureau d'Enquêtes sur les Accidents de Transport Terrestre
Quellen [änneren]
- ↑ , Communiqué de presse n°16 Den endgültege Bilan vun der franséischer Säit.(op franséisch).