Zugspitze

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

D'Zugspitze ass mat 2.962 Meter iwwert Normalnull den héchste Bierg vun der haiteger Bundesrepublik Däitschland. Se läit am sougenannte Wettersteingebirge am Südweste vu Garmisch-Partenkirchen. Iwwert de Westgipfel verleeft d'Grenz tëschent Däitschland an Éisträich.

Fir d'éischte Kéier erklomme gouf d'Zugspitze de 27. August 1820 vum Vermiessungstechniker Josef Naus, sengem Assistent Maier an dem Biergführer Johann Georg Tauschl.