Zugvögel - einmal nach Inari

Vu Wikipedia
Zugvögel - einmal nach Inari
Film
Produktiounsland Däitschland
Finnland
Produktiounsjoer 1998
Première 1998
Dauer 87 min
Faarf Faarweg
Originalsprooch Däitsch
Englesch
Finnesch
Ekipp
Regie Peter Lichtefeld
Dréibuch Peter Lichtefeld
Luisa Roger
Fotografie Frank Griebe
Musek Christian Steyer
Produzent Heike Hempell
Claess Olsson
Jörn Rettig
WDR
Schauspiller
Joachim Król als Hannes Weber.
Outi Mäenpää als Sirpa Salonen
Peter Lohmeyer als Kommissar Frank
Jochen Nickel als Lothar
Nian Petri als Sekretärin
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Ëm wat geet et am Film?[änneren | Quelltext änneren]

Den Hannes schafft bei engem Dépositaire. Säin Hobby ass Zuchfuerpläng auswenneg ze léieren, fir sou déi séierst Zuchverbindungen erauszefannen. Hien dreemt dovu bei engem Concours iwwer d'Fuerpläng den éischte Präis ze gewannen. De Concours ass zu Inari a Finnland. De Film begleet den Hannes op senger Rees mam Zuch a mam Schëff op Inari.

Iwwer de Film[änneren | Quelltext änneren]

De Film ass eng Mëschung vu Road-Movie, Krimi a luesem Kaméidistéck. An deene meeschte Road-Movië spillt sech alles op der Strooss a grousser Vitess of, hei ass et just de Géigendeel. Am Zuch geet et net ëmmer mam Schnellzuch, an um Schëff leeft och alles gemittlech, an trotzdeem wierkt de Film ni langweileg.

Filmpräisser[änneren | Quelltext änneren]

  • Däitsche Filmpräis 1998:
Filmband a Gold: Bescht Nieweroll: Peter Lohmeyer
Filmband a Gold: Bescht Kamera: Fank Griebe
Filmband a Sëlwer: Beschte Spillfilm
  • 1998: Nominéiert fir de Max-Ophüls-Präis

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]