Zwee
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
2
Déi natierlech Zuel Zwee (2) ass d'Nofolgerin vun der Eent an d'Virgängerin vun der Dräi. Et ass déi éischt gerued Primzuel.
[änneren] Zwee an der lëtzebuergescher Grammaire
Déi lëtzebuergesch Grammaire[1] seet iwwer d'Zwee:
Les adjectifs numéraux cardinaux sont invariables à l'exception de eent et zwee. Ces deux adjectifs changent suivant le genre du substantif qui suit ou qui est sous-entendu.
Beispiller fir zwee:
| Männlech | Weiblech | Sächlech |
|---|---|---|
| zwéi Beem, zwéin Afen | zwou Fraen | zwee Kanner |
| Zwéi Beem | (m) | Hues de déi zwéi gesinn? | (bezitt sech op d'Beem) |
| Zwéin Afen | (m) | Ech gesinn der zwéin. | (bezitt sech op Afen) |
| Zwou Fraen | (w) | Ech gesinn der zwou. | (bezitt sech op Fraen) |
| Zwee Kanner | (s) | Hues de déi zwee gesinn? | (bezitt sech op Kanner) |
Zwee gëtt nach gebraucht wann ee vun enger Koppel schwätzt (m + w)
Beispill: Hues de déi zwee gesinn? (bezitt sech z.B. op Mann a Fra)
Bemierkung: Hautdesdaags gëtt et eng Tendenz fir d'Form zwéi(n) duerch zwee z'ersetzen.
[änneren] Referenzen
- ↑ Grammaire de la langue luxembourgeoise, 2005 erausgi vum Ministère de l'éducation nationale et de la formation professionelle ISBN 2-495-00025-8