Zwergmammut
| Zwergmammut | |||||||||||||||
|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
| Zwergmammut | |||||||||||||||
| Systematik | |||||||||||||||
|
|||||||||||||||
| Wëssenschaftlechen Numm | |||||||||||||||
| Mammuthus exilis |
|||||||||||||||
Den Zwergmammut (Mammuthus exilis) ass eng ausgestuerwen Aart aus der Famill vun den Elefanten. Si huet virun ongeféier 30.000 bis 12.000 Joer op de Kanalinsele vu Kalifornien gelieft. Den Numm huet se dohier, well se, wéi och den Insel-Grofuuss, deen haut nach do virkënnt, hir Kierpergréisst am Laf vun de Jore reduzéiert huet. Dëse Phenomen vun der Evolutioun gëtt Inselverzwergung genannt, an ass doropper zréckzeféieren, datt op Insele keng natierlech Feinden ze fanne waren, an de Kascht limitéiert ass.
Den Zwergmammut hat eng Héicht vu just 1,20 bis 1,80 Meter, am Verglach dozou waren aner Aarte vun der Gattung Mammut, wéi de Präriemammut, duebel sou grouss an e puer Mol méi schwéier.
Den Zwergmammut an der Literatur [änneren]
2008 huet de Jérôme Netgen en Theaterstéck mam Titel Mammuthus exilis geschriwwen, dat an der Escher Kulturfabrik uropgeféiert gouf.