Zwergplanéit
D'Zwergplanéite sinn eng vun der Internationaler Astronomescher Unioun (IAU) de 24. August 2006 zu Prag definéiert Klass vun Himmelskierper. Am Juni 2008 huet den Exekutivkomitee vun der IAU op senger Sëtzung zu Oslo dës Ënnerklass schlussendlech offiziell als „Plutoide“ bezeechent.
Als Zwergplanéit zielen am Sonnesystem déi Himmelskierper, déi sech op enger Ëmlafbunn ëm d'Sonn befannen an genuch Mass hunn, datt déi eege Schwéierkraaft si zu enger bal kugelfërmeger Gestalt zesummenzitt (hydrostatescht Gläichgewiicht), déi awer am Ënnerscheed zu de Planéiten hir Ëmlafbunn net vun aneren Objeten fräigeraumt hunn.
D'Definitioun ass awer net onëmstridden, well de leschte Critère net eendeiteg ass. Sou huet d'Äerd, klassifizéiert als Planéit, ëmmer nach ongeféier zéngdausend Objeten an hirer Bunn. Bei enger exakter Uwendung fält och de Jupiter (Trojaner) an d'Zwergplanéitekategorie. Et ass ze bemierken, datt sech d'Definitioun ausschliisslech op d'Sonnesystem bezitt an net generell op d'Planéitesystemer. Och dat ass e Kritikpunkt.
Déi ursprénglech Bezeechnung „Plutone“ fir eng nei Ënnerklass vun Zwergplanéiten, déi op der anerer Säit vum Neptun ëm d'Sonn lafen, ass virun allem an der Gemeng vun de Geofuerscher, déi de Begrëff schonns anerwäiteg gebraucht hunn (kuckt Pluton (Geologie)), op Widdersproch gestouss a gouf verworf. Awer och „Plutoiden“ als laténgiséiert Form konnt sech net duerchsetzen. D'Ënnerklass gouf trotzdem gemaach an ass elo ouni Numm.
[änneren] Definitioun
D'Zwergplanéite-Kategorie ass eng vun am Ganzen dräi Kategorien, déi d'IAU fir d'Sonnesystem festgeluecht huet.
D'Objete verdeelen sech op:
- Planéiten: Objeten, déi sech op enger Bunn ëm e Stär befannen a genuch Mass hunn, fir duerch hir Eegegravitatioun eng bal ronn Form (hydrostatescht Gläichgewiicht) ze maachen, déi d'Géigend vun hire Bunnen berengegt hunn a selwer kee Stär sinn
- Zwergplanéiten: Objeten, déi sech op enger Bunn ëm e Stär befannen, a genuch Mass hunn, fir duerch hir Eegegravitatioun eng bal ronn Form ze maachen, déi d'Géigend vun hire Bunnen net berengegt hunn a keng Mounde sinn
- Klengkierper: Objeten, déi sech op enger Bunn ëm e Stär befannen, iewer net genuch Mass hunn, fir duerch hir Eegegravitatioun eng ronn Form ze maachen, déi d'Géigend vun hire Bunnen net berengegt hunn a keng Satellitte sinn. Dozou gehéieren déi onregelméisseg geformten Asteroiden (Klengplanéiten) a Koméiten.
[änneren] Um Spaweck
| Commons: Zwergplanéiten – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- (en) Pressemitteilung der IAU über die Planetendefinition
- (de) Zwangsabstieg für Pluto
- (de) Kritik un der neier Planéitendefinitioun
- (de) US-Petitioun géint nei Planéitendefinitioun