Zwetanka Christowa

Vu Wikipedia

D'Zwetanka Christowa (Bulgaresch: Цветанка Христова) gebuer de 14. Mäerz 1962 zu Rosowa Dolina, a gestuerwen de 14. November 2008 zu Kasanlak, war eng bulgaresch Liichtathleetin. Hire gréisste Succès war de Weltmeeschtertitel am Diskuswerfen op der Weltmeeschterschaft 1991.

Zwetanka Christowa hat hiren éischten internationale Succès op der Liichtathleetik-Europameeschterschaft 1982, wéi se Europameeschtesch gouf. Véier Joer duerno huet s'op den Europameeschterschaften eng zweet Plaz gemaach.

Nieft hirem Weltmeeschtertitel vun 1991 hat si sech 1987 op de Weltmeeschterschaften als Drëtt klasséiert.

Bei den olympesche Spiller krut si bei de Spiller vu Seoul 1988 eng bronze Medail, an 1992 bei de Spiller vu Madrid eng sëlwer Medail.

Palmarès[änneren | Quelltext änneren]

Perséinlech Beschtleeschtung[änneren | Quelltext änneren]

73,22 m, opgestallt de 14. Abrëll 1987 zu Kasanlak.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

  • IAAF Profil vun der Zwetanka Christowa [1]