Bang

Vu Wikipedia

De Bang ass eng Rannerkrankheet an zwar eng sougenannt Deckkrankheet, déi vun der Bakteerienaart Brucella abortus aus der Gattung Brucella ausgeléist gëtt. D'Rand ass den Haaptwiert, woubäi all Mamendéieren inklusiv de Mënsch an och d'Gefligel Niewewiert sinn.

Zu Lëtzebuerg war d'Krankheet bis 1912 nach guer net opgetrueden[1] an ee vun de leschte Fäll gouf et Enn der 1950er Jore woubäi och op d'mannst eng Persoun duerch Mëllechgenoss ugestach gouf.[2] A Westdäitschland sinn zanter 1971 keng Fäll méi bekannt, an der Belsch goufen am Mäerz 2012 fënnef Fäll an der Provënz Namouer festgestallt[3] an a Frankräich wou d'Krankheet sech aus dem Mëttelmierraum an zwar ëm 1859 vu Malta aus, dohier och nach den Numm Maltaféiwer, lues a lues iwwer Korsika an dunn ëm 1914 vum südleche Festland no Norden ausgebreet hat a schliisslech 1940 ganz Frankräich erfaasst hat, waren am Joer 1998 knapps 0,02 % vum ganze franséische Rannertrapp infizéiert[4].

D'Krankheet manifestéiert sech bei der Kou duerch Feelgebuerten a beim Stéier duerch eng Infektioun vun de Jicken.

De lëtzebuergeschen Numm vun der Krankheet ass vum Numm vun hirem Entdecker, dem dänesche Véidokter Bernhard Bang ofgeleet.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Loi du 29 juillet 1912 concernant la police sanitaire du bétail et l'amélioration des chevaux, des bêtes à cornes et des porcs
  2. Den Auteur vun dësem Artikel als Zäitzeien
  3. Pressematdeelung vun der AFSCA
  4. Brucellose bovine