Kéis

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Haarde Kéis a verschiddene Maturitéitsstufen um Maart zu Basel.

Kéis ass e fest Mëllechprodukt, dat – mat wéinegen Ausnamen – duerch d'Féngen an d'Andéckse vum Eewäissundeel vun der Mëllech gewonne gëtt.

De Kéis gëtt zu de Grondliewensmëttele gerechent.

Historesches[änneren | Quelltext änneren]

Kéiszorten[änneren | Quelltext änneren]

D'Kéisfabrikatioun[änneren | Quelltext änneren]

Statistiken iwwer d'Kéisproduktioun, de Kéisexport an de Kéiskonsum an der Welt[änneren | Quelltext änneren]

Um Weltniveau ass de Kéis ee vun den Haaptprodukter vun der Landwirtschaft. Der FAO no huet d'Kéisproduktioun an der Welt méi wéi 18 Milliounen Tonnen am Joer 2004 erreecht. Déi gréisst Kéisproduzente sinn d'USA, mat engem Undeel vu 30 %, virun Däitschland a Frankräich.

Déi gréisst Kéisproduzenten- 2004
(an 1.000 Tonnen)[1]
USA 4 327
Däitschland 1 929
Frankräich 1 827
Italien 1 102
Holland 672
Polen 535
Brasilien 470
Egypten 450
Australien 373
Argentinien 370

De gréissten Exportateur vu Kéis, a Geld ausgedréckt, ass Frankräich; den zweetgréissten Däitschland, dat awer quantitativ un éischter Plaz steet.

Haaptexportlänner vu Kéis(nëmme vu Kéis aus Mëllech) - 2004
(an 1.000 US-Dollar ausgedréckt)[2]
Frankräich 2 658 441
Däitschland 2 416 973
Holland 2 099 353
Italien 1 253 580
Dänemark 1 122 761
Australien 643 575
Neiséiland 631 963
Belsch 567,590
Irland 445,240
Groussbritannien 374,156
Déi gréisst Kéiskonsumenten - 2003
(A kg pro Awunner a Joer)[3]
Griicheland 27,3
Frankräich 24,0
Italien 22.9
Schwäiz 20,6
Däitschland 20,2
Holland 19,9
Éisträich 19,5
Schweden 17,9

Griicheland ass, mat engem duerchschnëttleche Konsum vu 27,3 kg pro Awunner, de weltgréisste Konsument vu Kéis, hei stellt de Feta 3/4 vum Konsum duer. Frankräich kënnt op d'zweet Plaz mat 24 kg op de Kapp.

Fotoalbum mat Kéissorten aus aller Welt[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • (de) Iburg, Anne: Dumonts kleines Käse Lexikon. Herstellung, Herkunft, Sorten, Geschmack (Gebonnen Editioun), Mee 2004
  • (fr) Busso, Mario an Vischi, Carlo: Le livre des fromages de France: Fabrication & recettes (Gebonnen), November 2004

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kéis – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. USA Department of Agriculture fir d'USA an déi aner net-europäesch Länner [1] an Eurostat fir d'europäesch Länner [2]
  2. UN Food & Agriculture Organisation (FAO) [3]
  3. CNIEL Gearchiveerd op 2007-10-06. Gekuckt de(n) 2007-09-27.