Édouard Mayrisch

Vu Wikipedia
Édouard Mayrisch
Gebuer 19. September 1825
Iechternach
Gestuerwen 21. Juni 1873
Tréier
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Dokter
Famill
Papp Jean-Mathias Mayrisch
Mamm Lucie Foehr
Kanner Émile Mayrisch, Paul Mayrisch

De Jean Mathias Édouard Mayrisch, gebuer den 19. September[1] 1825 zu Iechternach, gestuerwen den 21. Juni 1873 zu Tréier, begruewen den 23. Juni 1873 zu Weimeschkierch,[2] war e lëtzebuergeschen Dokter.

Den Édouard Mayrisch war de Fils vum Jean-Mathias Mayrisch an der Lucie Foehr.

Hien huet zu Léck, Bonn, Heidelberg a Würzburg, wou hien 1850 promovéiert huet, studéiert. Seng lëtzebuergesch Examen huet hien 1851 (Doktorat an der Medezin), 1852 (Doktorat an der Chirurgie) an 1853 (Doktorat an der Gebuertshëllef) gemaach. Vun 1853 un huet hien eng kuerz Zäit zu Iechternach praktizéiert, fir sech dann awer am Mäerz 1854 zu Eech nidderzeloossen, wou hien ënner anerem och d'Fleeg vun de Kranken a Verwonnte vun der Belegschaft vun der Eecher Schmelz, déi e Spidolssall ageriicht hat, iwwerholl huet.

De 26. Januar 1860[3] huet hie sech mat der Mathilde Metz[4], Duechter vum Adolphe Metz[5] an Niess vum Norbert Metz, bestuet.

E puer Méint viru sengem Doud hat den Édouard Mayrisch de Poste vum Chefdokter vun der uganks 1873 ageweiter Clinique St. Joseph zu Eech iwwerholl.

Hie war de Papp vum Paul Mayrisch (1861-1915), dee vun 1911 bis 1915 Buergermeeschter vun der Gemeng Eech war, a vum Émile Mayrisch (1862-1928). D'Duechter Mathilde Mayrisch (1867-1913) war mam Dr. Prosper Leclère, dem Direkter vum Diddelenger Spidol, bestuet.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Fonck, G., 1873. Doctor Eduard Mayrisch. Nekrologische Skizze. Bulletin de la Société des Sciences Médicales du G.-D. de Luxembourg 1873, S. XI-XIV.
  • Kugener, H., 2005. Die zivilen und militärischen Ärzte und Apotheker im Großherzogtum Luxemburg. Band 2/3 (H-R). Eigenverlag, Luxemburg, S. 653-1342 (J.M.E. Mayrisch, S. 1033-1034).
  • Massard, J.A. (1988): Echternach und die Cholera. Publications du Centre universitaire de Luxembourg, Département des sciences: Biologie-Chimie-Physique, fasc. 1, 259 S. (Ein Echternacher in Eich, S. 162-165).
  • Mersch, J. (1963): Les Metz, la dynastie du fer. Biogr. natn. Luxemb., fasc. 12, S. 311-605 (Édouard Mayrisch, S. 453-454). BNL
  • Muller, J.C., 1989. Familiengeschichtliche Untersuchung über das Paar Emile Mayrisch - Aline de Saint Hubert. In: Galerie 7(1989) N° 1, S. 7-40 (Édouard Mayrisch: S. 14, 21 a 26
  • Neyen, A., 1876. Biographie Luxembourgeoise. Histoire des hommes distingués originaires de ce pays considéré à l'époque de sa plus grande étendue ou qui se sont rendus remarquables pendant le séjour qu'ils y ont fait. Tome 3. Luxembourg, J. Joris, 490, XXXI, XII S. + table gén. alphabét. (Jean-Mathias-Édouard Mayrisch, S. 294-295).

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Muller 1989; Mersch 1963, S. 453, a Massard 1988, S. 162 schreiwen: 29. September.
  2. Massard 1988, S. 165.
  3. Muller 1989, S. 14 a S. 21; Mersch 1963, S. 346, Massard 1988, S. 162, a Kugener 2005, S. 1034, schreiwen: 16. Januar 1860.
  4. Kuck: Mersch 1963, S. 346; Muller 1989, S. 21.
  5. Kuck: Mersch 1963, S. 340; Muller 1989, S. 24.