Édouard Thibold

Vu Wikipedia
Édouard Thibold
Gebuer 21. November 1925
Mëllerdall
Gestuerwen 4. August 2001
Ettelbréck
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Historiker, Bréifdréier
Member vun Société préhistorique luxembourgeoise

Den Édouard Thibold, gebuer den 21. November 1925 am Mëllerdall, gestuerwen de 4. August 2001 zu Ettelbréck,[1] war e lëtzebuergesche Bréifdréier, Kënschtler a Prehistoriker, deen zu Iechternach gelieft huet an och do begruewen ass.

Als Kënschtler ass den Ed. Thibold virun allem bekannt duerch seng Uelegbiller, Aquarellen an Zeechnungen. 1991 hat hien eng eegen Ausstellung an der Galerie Castan zu Iechternach.

Donieft huet den Ed. Thibold, vun 1976 un, prehistoresch Artefakten haaptsächlech am Iechternacher Raum gesammelt a sech en Numm ënner de Lëtzebuerger Prehistoriker gemaach. Hien huet tëscht 1983 an 1999 eng Rei vun Artikelen am Bulletin vun der Société préhistorique luxembourgeoise publizéiert. Hie war ee vun de Grënnungsmembere vun där Gesellschaft, grad sou wéi säin Eedem Georges Thill, dee mat dem Ed. Thibold senger Duechter Josette bestuet ass.

Den Ed. Thibold war mat der Elisabeth (Elsi) Weis bestuet, déi den 9. Januar 2012 am Alter vu 85 Joer gestuerwen ass.[2] Si waren d'Eltere vun zwee Meedercher, dem Josette an dem Christiane.

Publikatiounen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Thibold, E. (1983): Un biface subtriangulaire de la région d'Echternach. Bull. Soc. préhist. luxemb., 5: 9-10.
  • Thibold, E. (1984): Neolithische Funde auf Tull bei Echternach. Bull. Soc. préhist. luxemb.,6: 101-108.
  • Spier, F. & E. Thibold (1985): Deux sites du Mésolithique moyen à Flaxweiler (Commune de Flaxweiler). Bull. Soc. préhist. luxemb., 7: 67-89.
  • Spier, F. & E. Thibold (1986): Trouvailles mésolithiques du Geyershaff-Sandel, commune de Bech (Echternach). Bull. Soc. préhist. luxemb., 8: 67-74.
  • Thibold, E. (1987): Steinzeitliche Zeugen an der Untersauer. Les Amis de Rosport, 9: 409-416.
  • Thibold, E. (1988): Zwölf Jahre Feldbegehung auf Michelsbierg bei Rosport. Bull. Soc. préhist. luxemb., 10: 77-95.
  • Spier, F., L. Schroeder & E. Thibold (1991): Deux pointes à dos du tardiglaciaire et leur insertion dans le paléolithique final du Grand-Duché de Luxembourg. Bull. Soc. préhist. luxemb., 13: 7-13.
  • Thibold, E. (1999): 18 Jahre Feldbegehung auf "Steinheimerberg". Bull. Soc. préhist. luxemb., 18 (1996): 29-41.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Massard, J.A. (1995): Ed. Thibold, Briefträger, Künstler und Prähistoriker. Annuaire de la Ville d'Echternach 1994, S. 215-220. [1]
  • Spier, F. & J. J. Muller-Schneider (2002): Hommage à Edouard Thibold, 1925 - 2001. Bulletin de la Société préhistorique luxembourgeoise, 22 (2000), S. 163-166.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Luxemburger Wort, 6. Aug. 2001, S. 26 (Doudesannonce).
  2. Luxemburger Wort 2012, Nr. 9 (11. Januar), S. 57 (Doudesannonce).