Étienne-Charles de Loménie de Brienne

Vu Wikipedia
Étienne-Charles de Loménie de Brienne
Gebuer 9. Oktober 1727
Paräis
Gestuerwen 19. Februar 1794
Sens
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Politiker, kathoulesche Priister
Member vun Académie française, Académie des sciences

Den Étienne-Charles de Loménie de Brienne, gebuer den 9. Oktober 1727 zu Paräis an do gestuerwen de 16. Februar 1794, war e franséische Politiker a Geeschtlechen.

De Brienne koum aus enger Famill aus dem Limousin, déi sech bis an d'15. Joerhonnert zeréckverfollege léisst. No sengem Studium ass hien an d'Kierch agetrueden, well dat e gudde Wee war, fir eng héich Positioun an der Gesellschaft ze kréien. 1751 krut hien den Doktertitel an der Theologie, obschonn et Zweiwel un der Orthodoxie vu senger Dissertatioun gouf. 1752 huet de Äerzbëschof vu Rouen hien zum Groussvikar ernannt.

No enger Rees op Roum gouf hien am Joer 1760 zum Bëschof vu Condom ernannt a 1763 an d'Äerzbistum vun Toulouse versat. Vu 1766 bis 1769 war hien Abt vum Mont-Saint-Michel. Hien hat vill aflossräich Frënn, dorënner den Turgot, den André Morellet an de Voltaire, 1770 ass hien an d'Académie française agetrueden. Bei dräi Geleeënheete war hie President vum Büro vun der Jurisdiktioun bei der Generalversammlung vum Klerus; hien huet sech och fir aktuell politesch a sozial Froen intresséiert, an huet zu deenen Theemen och eng Rei Schrëften un den Turgot verfaasst.

1787 gouf hien zum President vun der Notabeleversammlung nominéiert. An dëser Funktioun huet hien d'Finanzpolitik vum Calonne ugegraff, deem säin Nofollger hien den 1. Mee 1787 als Leeder vum Finanzministerium gi war. Eemol un der Muecht war et him gelongen, datt d'Parlament Edikter enregistréiert huet, déi sech mam banneschte Fräihandel, der Ariichtung vu provinzielle Versammlungen an den Ofkaf vun der Corvée (Frondéngschtsteier) beschäftegt hunn. Wéi d'Parlament sech geweigert huet seng Edikter zu der Timberesteier an enger neier allgemenger Grondsteier z'enregistréieren, konnt hien de Kinnek zu engem Justizbett iwwerzeegen, fir d'Fuerderungen duerchzesetzen. Fir d'Oppositioun géint dës Moossnamen z'erstécken, huet hien de Kinnek iwwerriet, d'Parlament op Troyes an den Exil ze schécken (18. August 1787). Nodeem d'Parlament zougestëmmt hat, d'Steier vum Vingtième ëm zwee Joer ze verlängeren, huet hien op en Enregistrement vun der Timberen- an Territorialsteier verzicht, an d'Deputéiert koumen nees zeréck op Paräis. Engem weidere Versuch, d'Parlament zu engem Enregistrement vun engem Edikt ze beweegen, mat deem e Prêt vun 120 Millioune Livres sollt opgeholl ginn, ass op eng vehement Oppositioun gestouss. De Sträit tëscht dem Parlament an dem Brienne ass zu Ongonschte vum Brienne ausgaangen; allerdéngs huet hie gefuerdert, datt d'Generalstänn missten aberuff ginn, fir der Staatskris Meeschter ze ginn.

De Brienne, deen an der Tëschenzäit Äerzbëschof vu Sens gi war, stoung elo virun enger genereller Oppositioun; hie war gezwongen d'Cour plenière nees opzeléisen, déi hien als Ersatz fir d'Parlament gegrënnt hat, an hiet d'Aberuffung vun de Generalstänn misse verspriechen. Mä och déi Zougeständnesser konnten hien net un der Muecht halen, an de 25. August 1788 huet hie missen zerécktrieden. De 15. Dezember gouf hien zum Kardinol ernannt an ass an Italie gaangen, wou hien zwee Joer blouf.

Nom Ausbroch vun der Revolutioun ass hien nees zeréck a Frankräich gaangen an huet 1790 en Eed op d'Zivilverfaassung vum Klerus geleescht. De Poopst huet déi Aktioun net unerkannt a 1791 huet hien op Uweisung vum Pius VI. säi Kardinolshutt missen ofginn. Säi Verhalen an der Vergaangenheet an an der Géigewaart huet hien zu engem Zil vu Verdächtegungen duerch d'Revolutionnäre gemaach. Hie gouf den 9. November 1793 zu Sens verhaft an ass de 16. Februar 1794 am Prisong gestuerwen - ob duerch e Schlag oder duerch Gëft ass net kloer.

Säi Wierk[änneren | Quelltext änneren]

  • Oraison funébre du Dauphin (Paräis, 1766)
  • Compte-rendu au roi (Paräis, 1788)
  • Le Conciliateur, zesumme mam Turgot (Roum a Paräis, 1754)