Mars Science Laboratory (kuerz MSL) ass eng NASA-Missioun, déi als Zil huet, de Mars z'erfuerschen, ob a wéi wäit een en als Biosphär benotze kéint. Dofir gouf op senger Surface e Rover mam Numm Curiosity (engl. fir Virwëtz) ausgesat, dee praktesch autonom schaffe kann. En ass mat zéng Instrumenter ekipéiert, fir ë. a. Gestengs, Atmosphär a Stralung z'analyséieren. Nieft Spektrographe kommen och Kameraen a meteorologesch Instrumenter zum Asaz. D'Donnéeë ginn op d'Äerd gefunkt. De Curiosity huet eng Mass vu knapps 900 kg an d'Gréisst vun engem klengen Auto; et ass dee bis ewell gréissten Objet, deen d'Mënschen op der Marsuewerfläch deposéiert hunn.
… am Arno Schmidt sengem Roman Abend mit Goldrand eng ganz Rei Beschreiwungen iwwer Lëtzebuerg stinn, obwuel de Schmidt ni e Fouss an d'Land gesat huet?
... d'Drëttel-Reegel an der Fotografie dora besteet, datt de 'Bléckfank' vum Bild op enger Intersektioun vun den horizontalen a vertikale Linne vu jee engem Drëttel vum Bild ass?
... am Joer 1957 an der Stengeforter Schmelz 10.041 Tonne Phenol produzéiert goufen?
... deen éischten Aarbechter, deen Deputéierten an der Chamber gouf, de Jean Schortgen, op engem 1. Mee bei engem Accident an der Grouf leie blouf? Archiv