Op den Inhalt sprangen

Onofhängeg Lénkspartei

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Kartelllëscht)
Dëse Politiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Onofhängeg Lénkspartei (frs: Gauche indépendante ) war eng politesch Partei zu Lëtzebuerg an der Tëschekrichszäit.

Si gouf op Bedreiwe vum Othon Decker gegrënnt a krut bei de Chamberwalen 1919 als Kartelllëscht am Walbezierk Osten een Deputéiertemandat (fir den Decker).[1] Bei de Chamberwalen 1925 ass si als Onofhängeg Lénkspartei opgetrueden, nees nëmmen am Osten. Nieft dem Decker gouf dunn och nach de Pierre Godart gewielt.[2] 1928 gouf den Decker net méi gewielt, mee d'Onofhängeg Lénkspartei huet mam Godart a mam Auguste Keiffer trotzdeem weider zwéin Deputéiert an d'Parlament geschéckt.

1931 huet d'Partei net bei de Wale matgemaach. 1934 ass si mat engem neien Numm zeréckkomm: Onofhängeg Ostpartei (frs: Parti des Indépendants de l'Est). Si krut dräi Mandater, erëm fir den Decker, de Keiffer an de Godart, déi allendräi iwwer 10.000 Stëmme kruten.[3]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Die Kammerwahlen vom 26. Oktober." Luxemburger Wort Nr. 272, 29. Oktober 1919, S.1.
  2. "Offizielle Wahl-Resultate.", Luxemburger Wort, 4. Mäerz 1925, S. 2
  3. "Kammerwahlen vom 3. Juni- Ostbezirk - Offizielles Resultat.", Luxemburger Wort, 4. Juni 1934, S. 4