Diskussioun:Haaptsäit

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia
Fir Vandalismus ze verhënneren, kann d'Struktur vun der Haaptsäit nëmme vun engem Admin geännert ginn. Wann Dir fannt, datt eppes dovu misst geännert ginn, da schreift et hei op d'Diskussiounssäit. D'Inhalter vun den eenzele Rubriken dogéint (Wosst der schonn, Artikel vun der Woch, E Bléck op, Op engem..., Kierzlech Verstuerwener) kënne vun all registréierte Benotzer iwwer déi agebonne Schabloune geännert ginn.


Eeler Diskussiounen, oder där, déi net (méi) esou relevant sinn, sinn op Diskussioun:Haaptsäit/Archiv archivéiert.


Aner Wikimediaprojeten[Quelltext änneren]

Moien,

huet een eppes dergéint, dat ënnen ewechzehuelen? Verweiser op Commons, Data, Wictionary, asw. stinn och op der lénkser Säit an der Navigatiounsleescht, ganz ënnen.

--Zinneke (Diskussioun) 12:09, 8. Jun. 2020 (UTC)[äntweren]

Ech perséinlech fannen se ënnen op der Säit besser, well do d'Logoen derbäi sinn. GilPe (Diskussioun) 19:18, 8. Jun. 2020 (UTC)[äntweren]
idem GilPe, et ass jo net wéi wann et u Plaz géif feelen. --Les Meloures (Diskussioun) 19:52, 8. Jun. 2020 (UTC)[äntweren]

Link op Wikidata defekt[Quelltext änneren]

Ech wollt kuerz schreiwen, datt de Link op Wikidata ënnen op der Säit (https://lb.wikidata.org/) defekt ass. Ech huelen un, datt et do einfach https://www.wikidata.org/ misst heeschen. --Volvox (Diskussioun) 19:09, 27. Nov. 2023 (UTC)[äntweren]