Verkéiersschëlter aus dem lëtzebuergesche Code de la Route

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Verkéiersschëld)

E Verkéiersschëld ass eng vertikal Signalisatioun déi vum Code de la Route virgesinn ass fir de Stroossebenotzer ze soen u wat se sech ze halen hunn, fir se virun enger Gefor ze warnen, an awer och fir hinnen et méi einfach ze maache fir sech iwwerall erëmzefannen.

Verkéiersschëlter an der Stad Lëtzebuerg

Am Lëtzebuerger Code de la Route ginn d'Schëlter am Artikel 107[1] dem Gebrauch no agedeelt:

Kapitel Kategorie Erklärung
I. Warnschëlter Schëlter fir op Geforen, Schantercher oder aner méiglech Geforepunkten opmierksam ze maachen.
II. Virfaartsschëlter Schëlter déi uginn a wat fir enger Reiefolleg déi verschidde Chauffere fueren däerfen.
III. Verbuetsschëlter Schëlter déi op e Verbuet oder eng Restriktioun hiweisen.
IV. Gebuetsschëlter Schëlter déi e Gebuet uweisen.
V. Hiwäisschëlter Schëlter déi de Chaufferen entweeder eng Richtung ugi fir en Zil z’erreechen, s'op eppes opmierksam maachen oder hinne soss eng Hëllef ginn.
VI. Schëlter fir ze parken, ze stationéieren a stallzehalen Schëlter déi ugi wou et erlaabt oder verbueden ass parken, ze stationéieren oder stallzehalen.
VII. Spuereschëlter Schëlter déi gëlteg si fir eng oder méi Spuere vun enger Strooss, wann dës Strooss méi Spueren an enger Richtung huet.
VIII. Zoneschëlter Schëlter déi z. B. e Verbuet, e Gebuet oder d'Modalitéite vum Stationéieren uweisen an déi sech op méi Stroosse bezitt déi uneneen hänken, ouni datt all Schëld no all Kräizung erëm misst widderholl ginn.
IX. Symboler an aner Beschrëftungen D'Schëlter aus de Kapitelen hei driwwer kënne mat Symboler oder Beschrëftunge completéiert ginn. Dës Symboler an d'Beschrëftunge ginn op en Zousazschëld geschriwwen dat ënner dem Schëld hänkt.

Lëscht vun de Verkéiersschëlter[änneren | Quelltext änneren]

Dëst ass d'Lëscht vun de Verkéiersschëlter wéi s'am Artikel 107(Stand: Juni 2024) opgezielt sinn

I. Warnschëlter[änneren | Quelltext änneren]

↑ erop

II. Virfaartsschëlter[änneren | Quelltext änneren]

↑ erop

III. Verbuetsschëlter[änneren | Quelltext änneren]

↑ erop

IV. Gebuetsschëlter[änneren | Quelltext änneren]

↑ erop

V. Hiwäisschëlter[änneren | Quelltext änneren]

Serie E[änneren | Quelltext änneren]

↑ erop

Serie F[änneren | Quelltext änneren]

↑ erop

VI. Parkschëlter[änneren | Quelltext änneren]

↑ erop

VII. Spuereschëlter[änneren | Quelltext änneren]

↑ erop

VIII. Zoneschëlter[änneren | Quelltext änneren]

↑ erop

IX. Zousazschëlter[änneren | Quelltext änneren]

↑ erop

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Verkéiersschëlter – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. (fr)Code de la route - Recueil de législation routière. data.legilux.public (23.11.1955). Gekuckt de(n) 30.05.2024.