(136108) Haumea

Vu Wikipedia
(136108) Haumea
Eegenschafte vum Orbit
Orbittyp Haaptasteroidenceinture
Bezuchspositioun Equinoxe: J2000.0
Grouss Hallefachs 43,353 A.E.
Exzentrizitéit 0,1890
Sideresch Ëmlafzäit 285,46 a
Mëttel Bunnvitess 4,484 km/s
Inklinatioun 28,201 Grad
Physikalesch Eegenschaften
Duerchmiesser 1920 × 1540 km (Equator)
990 km (Pol)
Mass 4,01 ± 0,04  1021kg
Mëttel Dicht 2,57 ± 0,02 g/cm3
Rotatiounsperiod 3 h 55 m
Albedo > 0,6
Absolut Hellegkeet 0,23
Entdeckung
Entdecker J. L. Ortiz, F. J. Aceituno,
P. Santos Sanz, M. Brown,
C. Trujillo, D. Rabinowitz
Entdeckungsdatum 7. Mäerz 2003
Plaz Sierra Nevada Observatoire
Spuenien
Aner Bezeechnungen 2003 EL61


Den (136108) Haumea (Symbol: 🝻,[1] oder 2003 EL61) ass en Zwergplanéit vun der Plutoiden-Ënnerklass an zielt zu de gréisste bis elo bekannten Objeten an der Kuiperceinture. Den Asteroid gouf engersäits am Joer 2006 zu de Cubewanoe gezielt, an anerersäits méi spéit an enger méiglecher 7:12-Resonanz mam Neptun gesinn. Wéinst der séierer Rotatioun huet den Objet mat engem Equatorduerchmiesser vu ronn 1900 km an engem Ofstand vun de Pole vun nëmme ronn 1000 km eng staark ellipsoid Form.

Entdeckung[änneren | Quelltext änneren]

D'Entdeckung vum Haumea gouf den 28. Juli 2005 vun den Astronome J. L. Ortiz, F. J. Aceituno an dem P. Santos Sanz vum Sierra Nevada Observatoire a Spuenien no enger neier Auswäertung vu Fotoe vum 7. Mäerz 2003 bekanntgemaach, nodeem den 20. Juli 2005 d'Aarbechtsgrupp vum Mike Brown um Caltech an den USA bei enger Konferenz iwwer den Objet diskutéiert hat. D'Observatioune vum Ortiz ware mat engem normale Schmidt-Cassegrain-Teleskop an engem Haaptspigel vu 35 cm Duerchmiesser gemaach ginn, wéi et och vun Amateurastronome benotzt gëtt. D'Grupp konnt den Objet ufanks nëmmen dräi Deeg laang observéieren. Spéider konnt den Objet op Archivbiller fonnt ginn, dorënner op Biller vum Palomar Observatory Sky Survey vum Joer 1955. Duerch déi zousätzlech Date war eng sécher Bunnbestëmmung méiglech, sou datt d'Entdeckung den 28. Juli 2005 bekannt gemaach gouf. Wéinst der Skepsis, déi doduerch gemaach gouf, datt d'Ortiz-Grupp virun der gemellter Entdeckung d'Observatiounsdate vun der Grupp ëm de Mike Brown aus dem Internet erofgelueden an ausgewäert hat, ouni dorop hinzeweisen, hat de Minor Planet Center d'Entdeckernimm virleefeg aus senger Lëscht geläscht an hat de Sierra Nevada Observatoire agesat.

Kontrovers ëm d'Entdeckung[änneren | Quelltext änneren]

De Mike Brown, den Chad Trujillo an den David Rabinowitz vum California Institute of Technology haten den Objet den 28. Dezember 2004 um Palomar-Observatoire fonnt. D'Aarbechtsgrupp ëm de Mike Brown hat fir den Objet déi inoffiziell Aarbechtsbezeechnung "Santa" benotzt. Wéinst de spueneschen Astronomen hirer Publikatioun vun der Entdeckung vum Haumea (ex. 2003 EL61), huet d'Grupp ëm de Brown d'Entdeckung vun de béiden nach méi groussen transneptuneschen Objeten (136199) Eris (ex. 2003 UB313, Xena) an (136472) Makemake (ex. 2005 FY9) nëmmen e puer Stonne méi spéit op enger Pressekonferenz bekannt gemaach.

De Brown a seng Grupp hunn ufanks den Ortiz et al. als Éischtentdecker vum (136108) Haumea unerkannt, bis et sech erausgestallt huet, datt den Ortiz et al. op ëffentlech zougänglech Teleskop-Logdate vun der Grupp Brown, am Internet zougegraff hat. Wärend de Virworf am Raum stoung, datt déi spuenesch Grupp den Objet eréischt mat Hëllef vun deenen Daten op hire Fotoen aus dem Joer 2003 fonnt haten, huet den Ortiz verséchert, nëmmen iwwerpréift ze hunn, ob et sech bei deem ënner dem Aarbechtsnumm K40506A ugekënnegtem Objet vum Brown et al. ëm de selwechten Himmelskierper wéi deen dee seng Grupp onofhängeg dovu fonnt hat, géif handelen. Dem Brown seng Grupp huet dorophinn der Grupp ëm den Ortiz e Verstouss géint d'Reegele vun der Wëssenschaftsethik virgeworf an huet vum Minor Planet Center (MPC) verlaangt, dem Ortiz et al. de Status vun der Éischtentdeckung ofzeerkennen.

D'Kontrovers geet dorop zeréck, datt no den unerkannte Reegele vun der I.A.U. d'Entdeckung vun engem Asteroid oder Zwergplanéit deenen Observateueren zougesprach gëtt, déi als éischt genuch Positiounsmoossen un den MPC iwwermëttelen, mat deenen een d'Ëmlafbunn vum Objet am Sonnesystem genee bestëmme kann. Zwar hat d'Grupp ëm de Brown den Haumea schonn Enn 2004 fonnt, awer d'Entdeckung geheim gehalen. D'Grupp ëm den Ortiz dogéint, huet hir Observatiounen den 28. Juli 2005 dem MPC matgedeelt. De Sierra Nevada Observatoire gëtt dofir vum MPC als Entdecker gefouert.

Numm[änneren | Quelltext änneren]

De 17. September 2008 krut den 2003 EL61 vun der Internationaler Astronomescher Unioun no engem Virschlag vum Brown den Numm vun der hawaiiescher Gëttin Haumea. De selwechten Ament gouf den Haumea och als de fënneften Zwergplanéit vum Sonnesystem unerkannt a sou och als de véierte Plutoid. Den Nummvirschlag vum Ortiz war Ataecina, nom Numm vun enger virréimescher Gottheet op der Ibeerescher Hallefinsel.

Anescht wéi den (134340) Pluto oder (1) Ceres huet den (136108) Haumea, wéi déi meescht Zwergplanéiten, keen offiziellt Astronomescht Symbol.

Ëmlafbunn[änneren | Quelltext änneren]

D'Bunn vum (136108) Haumea (gréng) am Verglach zu deene vum (134340) Pluto (rout), (136472) Makemake (blo) an Neptun (gro); Objetgréissten net moossstafgerecht

Den Haumea leeft op enger elliptescher Ëmlafbunn a ronn 285 Joer a 6 Méint ëm d'Sonn. De Perihel ass ongeféier 35 AE vun der Sonn ewech, an den Aphel ronn 51½ AE. De Perihel duerchleeft hien nees am Summer 2133. Am Ament ass den Himmelskierper 50,6 AE vun der Sonn ewech. Den Orbit steet ongeféier 28,2° schréi zu der Ekliptik.

Gréisst an Zesummesetzung[änneren | Quelltext änneren]

Aus der Ëmlafbeweegung vum gréissere Mound Hiʻiaka (kuckt ënnen) konnten d'Moosse vum Haumea mat grousser Genauegkeet op 4,006 ± 0,040  1021 kg bestëmmt ginn[2]., wat 30 Prozent vun der Mass vum Pluto entsprécht. D'Mass vum Hiʻiaka gouf mat 1,79 ± 0,11  1019 kg berechent. Aus dem observéierte Liichtbou ergëtt sech, datt den Haumea an nëmmen 3,91534 Stonnen ëm déi eegen Achs rotéiert, an domat méi séier wéi iergendeen anere bekannten Objet am Sonnesystem mat enger Gréisst iwwer 100 km ass. Aus dem Liichtbou kann ee weider op d'Form vun engem dräiachsege Jacobi-Ellipsoid mat Achse vun 1920 km × 1540 km × 990 km schléissen.

Déi séier Rotatioun vum Haumea gëtt mat der Kollisioun vun zwéi Zwergplanéiten erkläert. Deemno soll den ufänglechen Himmelskierper mat ebgem ronn 1000 km groussen Objet kollidéiert sinn. Duerch den Zesummestouss gouf e Groussdeel vum Äismantel ewechgesprengt, woufir den Haumea eng däitlech méi héich Dicht wéi aner Objete vun der Kuiperceinture huet. Aus de Brochstécker vun der Kollisioun entstoungen net nëmmen déi béid Mounden, mä och nach méi kleng Objeten, déi mam Haumea zesummen eng Famill vun Himmelskierper bilden. Déi visuell Magnitude ass wärend der Oppositioun 17,3m.

Spektroskopesch Observatiounen um Keck- an um Gemini-Observatoire weise Spuere vu Waasseräis op sengerr Uewerfläch. E gouf als Zwergplanéit geséchert, well hien trotz wäit ofwäichender Kugelform mat grousser Warscheinlechkeet en hydrostatescht Gläichgewiicht huet.

Mounden[änneren | Quelltext änneren]

Kënschtleresch Duerstellung vum Haumea mat senge Mounden

Observatioune mat adaptiver Optik um Keck-Observatoire hu gewisen, datt den Haumea vun zwéi Mounden ëmkreest gëtt. De méi groussen dovun, den Hiʻiaka, leeft bei enger Bunnexzentrizitéit vun 0,0513 am mëttleren Ofstand vun 49.880 km a ronn 49,5 Deeg ëm den Zwergplanéit. De méi klengen, Namaka, huet eng Distanz vun 25.657 km, seng Ëmlafzeit dauert 18,3 Deeg. D'Orbiter vun de Mounde sinn ongeféier 13° géint enee verkippt, hir Masse gi mat 1,79 ± 0,11  1019 kg respektiv ≈ 1,79  1018 kg uginn.

An der hawaiiescher Mythologie sinn den Hiʻiaka an den Namaka d'Duechtere vun der Fruchtbarkeetsgëttin Haumea, déi aus verschiddene Kierperdeeler vun hirer Mamm stamen. D'Nimm vun de Mounde weise sou op hir ugeholle Genesis als Brochstécker vum Haumea hinn.

Fuerschung[änneren | Quelltext änneren]

No der Entdeckung huet sech den Haumea op Fotoe bis an d'Joer 1955 zeréckdatéiere gelooss a sou konnt seng Ëmlafbunn relativ genee berechent ginn. Zanterhier gouf den Objet mat verschiddene Weltraum- souwéi äerdbaséierten Teleskopen observéiert, am Ganze bis elo 1372-mol. (Stand Sept. 2016)

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • M. E. Brown et al.: Keck Observatory Laser Guide Star Adaptive Optics Discovery and Characterization of a Satellite to the large Kuiper Belt Object 2003 EL61. In: The Astrophysical Journal. Band 632 (10. Oktober 2005)
  • M.E. Brown et al.: Satellites of the largest Kuiper belt objects. In Vorbereitung für Astrophysical Journal Letters (November 2005)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Haumea – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. JPL/NASA (2015-04-22). "What is a Dwarf Planet?". Jet Propulsion Laboratory. Retrieved 2022-01-19.
  2. Ragozzine, D.; Brown, M. E.: Orbits and Masses of the Satellites of the Dwarf Planet Haumea = 2003 EL61. In: The Astronomical Journal 137, 2009

[1] [2] [3] [4]. [5] [6]. <ref name="caltech2">Kuiper-belt Object Was Broken up by Massive Impact 4.5 Billion Years Ago, Study Shows, Pressemitteilung des Caltech vom 14. März 2007.

  1. R. Courtland: Controversial dwarf planet finally named “Haumea”, newscientist.com
  2. (en)The electronic trail of the discovery of 2003 EL61, Michael E. Browns Websäit
  3. MPC: List Of Transneptunian Objects, Stand September 2008
  4. IAU names fifth dwarf planet Haumea, Pressemitteilung der IAU vom 17. September 2008
  5. Sky & Telescope: Haumea: Dwarf-Planet Name Game
  6. Haumea oder Ataecina?, F.A.Z vom 25. September 2008