(225088) Gonggong

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) (225088) 2007 OR10)
(225088) Gonggong
Eegenschafte vum Orbit
Orbittyp Transneptuneschen Objet
Scattered disk object (SDO) oder
RKBO (10:3-Resonanz)
Bezuchspositioun Equinoxe: J2000.0
Grouss Hallefachs 66,9519840 A.E.
Exzentrizitéit 0,5020358
Sideresch Ëmlafzäit 547,84 Joer
(200.098,9378081 Deeg)
Mëttel Bunnvitess ? km/s
Inklinatioun 30,81183 Grad
Physikalesch Eegenschaften
Duerchmiesser 1280 ± 210 km
Mass ≈ 1,81  1021 kg
Mëttel Dicht ≈ 2,0 g/cm3
Albedo 0,185 +0,076/−0,052
Absolut Hellegkeet 1,9M
Spektralklass Rout
Entdeckung
Entdecker M. E. Schwamb
M. E. Brown
D. L. Rabinowitz
Entdeckungsdatum 17. Juli 2007
Plaz Palomar-Observatoire


Den 225088 Gonggong (2007 OR10; Symbol: 🝽) ass e groussen transneptuneschen Objet, deen als SDO oder als RKBO anzeklasséieren ass. E gëtt vun engem Mound mam Numm Xiangliu ëmkreest.

Benennung[änneren | Quelltext änneren]

Den Asteroid gouf de 17. Juli 2007 vun engem Astronomenteam am California Institute of Technology zu Pasadena entdeckt. D'Entdeckung war am Kader vun enger Sich no neien Objeten an der Regioun vum Sedna als Deel vun der Dokteraarbecht vum Meg E. Schwamb, deen zu där Zäit Akademiestudent beim Mike Brown war, erfollegt. De Brown huet dem Asteroid de Spëtznumm "Snow White" (Schnéiwittchen) wéinst senger (ugehollener) wäisser Faarf ginn, well no senger Meenung den Objet zimmlech hell misst sinn, datt säin Team hie fonnt huet. Allerdéngs huet sech erausgestallt, datt den Asteroid eng staark roudelzeg Uewerfläch huet, wouduerch den Numm net méi gepasst huet. Gonggong war déi siwent vun engem groussen TNO a warscheinlechen Zwergplanéitkandidat vum Astronomenteam ëm de Mike Brown, déi schonn de Quaoar, de (2002), Sedna (2003), den Haumea an den Orcus (2004), souwéi de Makemake an den Eris (2005) entdeckt haten.

D'Entdeckung gouf offiziell de 7. Januar 2009 bekannt gemaach. Am August 2011 huet de Brown am Internet matgedeelt[1], datt hie genuch Informatiounen iwwer den Asteroid huet, fir datt en Numm ka kréien. Duerch d'Entdeckung vu Waasseräis an der Méiglechkeet vu Methan ass den Objet interessant fir weider Fuerschungen.

Säin offiziellen Numm krut en de 5. Februar 2020; e bezitt sech op de chineesesche Waassergott Gonggong.

Bunneegenschaften[änneren | Quelltext änneren]

D'Bunn vum Gonggong (giel) am Verglach zu deene vun Eris (gréng) a Pluto (rosa) souwéi de Riseplanéiten.

Ëmlafbunn[änneren | Quelltext änneren]

Gonggong ëmkreest d'Sonn op enger prograder, héichgradeg elliptescher Ëmlafbunn tëscht 4.987.547.000 km (33,339 AE) a 15.044.202.000 km (100,564 AE) Ofstand zu där hirem Zentrum. D'Bunnexzentrizitéit ass 0,502, d'Bunn steet 30,811° schréi zur Ekliptik.

D'Ëmlafzäit ass 547,84 Joer oder 200.098 Deeg, 22 Stonnen, 30 Minutten an 26.6 Sekonnen. Si ass vergläichbar mat der Ënlafzäit vum Zwergplanéit Eris (560,9 Joer).

Bunnresonanz[änneren | Quelltext änneren]

D'Deep Ecliptic Survey weist d'Ëmlafbunn an enger 10:3-Resonanz mam Neptun, déi allerdéngs bis elo nach net onofhängeg geséchert ass; et kéint sech och ëm eng No-Resonanz handelen. An éischt Fall wier Gonggong domat en Resonante KBO (RKBO). De Minor Planet Center klassifizéiert den Asteroid dogéint als Scattered disk object (SDO), wouduerch och déi eendeiteg Glidderung ausbleift.

Distanz[änneren | Quelltext änneren]

1856 hat de Gonggong säi Perihel. De 24. August 2012 war den Asteroid an Oppositiounspostioun a 85,635 AE vun der Sonn ewech. Domat ass hien nom Eris (97 AE) an dem Sedna (87 AE) den drëttwäitste groussen Objet am Sonnesystem. 2013 iwwertrëfft hien an der Distanz de Sedna, 2045 souguer Sedna an Eris an ass domat deen Objet, deen am wäitsten ewech ass. Säin Aphel huet de Gonggong am Joer 2130. Am Ament steet den Objet vun der Äerd aus gesinn ongeféier an der Richtung vum Galakteschen Zentrum[2].

[änneren | Quelltext änneren]

Gréisst[änneren | Quelltext änneren]

Et geet ee vun engem Duerchmiesser vun 1280 km aus, wouduerch Gonggong am Sonnesystem no Gréisst déi 26. Plaz anhëllt. Hie wier domat eppes méi grouss wéi de Plutomound Charon (1212 km) an eppes méi kleng wéi d'Zwergplanéiten Eris, Haumea a Makemake (all ëm 1400). Well Gonggong bis elo nach net genee vermooss konnt ginn, bleift allerdéngs nach eng Onsécherheet bestoen. D'Date reeche bis elo vun 875 bis 1420 km Duerchmiesser, trotzdeem misst Gonggong, ausgoend vun der absolutter Hellegkeet vun 1,9m (Visuell Magnitude 21,3m) an enger Albedo vun 0,185, eng maximal Ausdeenung vun ongeféier 1200 km hunn.

Opbau vum Kär[änneren | Quelltext änneren]

Nom Entdeckerteam vum Mike Brown besteet den Opbau vum Gonggong warscheinlech aus engem Kär aus Gestengs, mat engem décke Mantel aus Waasseräis. No Berechnungen huet hien eng Dicht vun 2,0 g/cm3.

Kënschtleresch Usiicht vun der Uewerfläch.

Uewerfläch[änneren | Quelltext änneren]

Spektral Ënnersich weisen op Iwwerflëss vu Waasseräis hin, weiderhin weise spektral Spueren op Methan hin, déi sech a Form vun enger dënner Schicht gefruerenem Methan vu staark roudelzeger Faarf iwwer den Äismantel zitt. Déi rout Uewerfläch mécht e staarke Kontrast zum ville Waasseräis. An dëser Zesummesetzung weist Gonggong Änlechkeet mat där vum Quaoar op.

Trotz senger ufänglech héich ugehollener Hellegkeet ass de Gonggong de fënnefthellsten transneptuneschen Objet an ass mat 1,9m eppes méi donkel wéi de Sedna (1,6m) an eppes méi hell wéi den Orcus (2,3m).

Zwergplanéit-Kandidat[änneren | Quelltext änneren]

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Fuerschung[änneren | Quelltext änneren]

No senger huet sech Gonggong op Fotoe bis an d'Joer 1985 zeréck datéiere gelooss a sou seng Ëmlafbunn berechne gelooss. Zanterhier ass den Asteroid duerch verschidden Teleskope wéi den Hubble- an de Kepler-Weltraumteleskop an och vun äerdgebonnen Teleskope wéi de Keck- an de Palomar-Observatoire observéiert ginn[3]. (Stand Sept. 2012).

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spawck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. The redemption of Snow White (Part 1)
  2. Dwarf Planet 2007 OR10 is now Minor Planet 225088
  3. 225088 (2007 OR10) beim JPL