(2340) Hathor

Vu Wikipedia
(2340) Hathor
Eegenschafte vum Orbit
Orbittyp Aten-Asteroid
Bezuchspositioun Equinoxe: J2000.0
Grouss Hallefachs 0,8442 A.E.
Exzentrizitéit 0,4497
Sideresch Ëmlafzäit 283 d 4 h
Inklinatioun 5,8548 Grad
Physikalesch Eegenschaften
Duerchmiesser 0,3 km
Albedo 0,2
Absolut Hellegkeet 20,2 m
Spektralklass Sq
Entdeckung
Entdecker Charles Kowal
Entdeckungsdatum 22. Oktober 1976
Plaz Palomar-Observatoire
Aner Bezeechnungen 1976 UA


Den (2340) Hathor ass en Asteroid vum Aten-Typ. Dat ass eng Grupp vun Asteroiden, deenen hir Bunne gréisstendeels bannenzeg vun der Äerdbunn verlafen a s'och vu banne kräizen.

Säin Numm ass ofgeleet vun der Himmelsgëttin Hathor aus der egyptescher Mythologie.

Den Hathor gouf den 22. Oktober 1976 vum Charles Kowal entdeckt.

Den Asteroid leeft op enger exzentrescher Bunn tëscht 0,4642 A.E. (Perihel) an 1,2236 AE (Aphel) an 283 Deeg ëm d'Sonn. D'Bunnexzentrizitéit ass 0,45 woubäi d'Bunn ëm 5,85° géint d'Ekliptik gebéit ass.

Seng Gréisst gëtt op 0,3 km geschat. D'Albedo ass 0,2.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]