(3753) Cruithne

Vu Wikipedia
(3753) Cruithne
Eegenschafte vum Orbit
Orbittyp Aten-Asteroid
Bezuchspositioun Equinoxe: J2000.0
Grouss Hallefachs 0,998 A.E.
Exzentrizitéit 0,515
Sideresch Ëmlafzäit 364 d
Mëttel Bunnvitess 29.82 km/s
Inklinatioun 19,811 Grad
Physikalesch Eegenschaften
Duerchmiesser 3,3 km
Mass 1.3×1014kg
Mëttel Dicht ~2 g/cm3
Rotatiounsperiod 27 h 26 min
Albedo 0.15
Absolut Hellegkeet 15,54M
Spektralklass Q
Entdeckung
Entdecker J. Duncan Waldron
Entdeckungsdatum 10. Oktober 1986
Plaz Siding Spring Observatoire
Aner Bezeechnungen 1986 TO, 1983 UH


Den (3753) Cruithne ass een ongeféier 3,3 km groussen äerdnoen Asteroid.

[änneren | Quelltext änneren]

Den Asteroid gouf den 10. Oktober 1986 um Siding-Spring-Observatoire entdeckt. Hie krut ufanks déi virleefeg Bezeechnung 1986 TO. Bei der uschléissender Berechnung vu senger Ëmlafbunn gouf erkannt, datt hie mam Objet 1983 UH identesch ass, dee schonn 1983 am Europäesche Südobservatoire (ESO) am Chile entdeckt gouf. Spéider krut den Asteroid dunn den Numm Cruithne, genannt nom éischte Keltestamm, deen d'brittesch Insele besidelt hat.

Ëmlafbunn[änneren | Quelltext änneren]

Den (3753) Cruithne ass en Aten-Asteroid a kreest op enger staark exzentrescher Ëmlafbunnëm d'Sonn. Eng weider Eegenheet ass, datt de Cruithne deen éischten entdeckten Asteroid war, deem seng mëttel Ëmlafdauer ëm d'Sonn bal genee engem sideresche Joer entsprécht. Dat bedeit, datt hien a Wiesselwierkung mat der Äerd steet, well sou eng Ëmlafbunn nëmmen ënner bestëmmte Viraussetzunge stabil ass. Bis elo sinn eréischt wéineg deraarteg an 1:1-Bunnresonanz mat der Äerd wiesselwierkend Asteroide bekannt. Asteroiden, déi an 1:1-Resonanz mat engem Planéit stinn, ginn och koorbital Objete genannt, well si der Bunn vum Planéit nokommen. Déi bekanntst koorbital Asteroide sinn déi sougenannt Trojaner, déi sech an de Lagrangepunkten L4 an L5 vum jeeweilege Planéit ophalen. De Cruithne ass awer keen Trojaner. 1997 hu Wëssenschaftler vun der York University aKanada a vun der Universitéit Turku a Finnland seng Ëmlafbunn méi genee ënnersicht an hunn eng komplex mat der Äerd wiesselwierkend Houfeisenëmlafbunn festgestallt.

Bunne vun Cruithne an Äerd (Earth).
D'Bunn vum Cruithne erschéngt aus der Perspektiv vun der Äerd (Earth) bounefërmeg.

De Cruithne beweegt sech op enger Distanz vun 0,484 AE (Perihel) bis 1,511 AE Aphel ëm d'Sonn. Seng exzentresch Bahn reecht a Sonnennoperschaft bal bis un d'Merkurbunn erun a kräizt an de baussenzege Beräicher d'Marsbunn.

Seng Bunn ass mat 19,811° däitlech géint d'Ekliptik gebéit. Hien ass doduerch meeschtens baussenzeg vum Planéitebunnplang.

De Cruithne gëtt heiansdo als den "zweete Mound vun der Äerd" bezeechent, wat awer net korrekt ass. Den Asteroid leeft net ëm d'Äerd, mä beweegt sech op enger äerd-koorbitaler Bunn ëm d'Sonn, woubäi seng Ëmlafzäit bal e sideresche Joer huet a sou där vun der Äerd gläicht.

Déi tatsächlech Dauer vum Cruithne-Orbit ass nëmmen an der Moyenne ee Joer, den Orbit ass ongeféier 190 Joer laang eppes méi kuerz wéi e Joer an an de follgenden 190 Joer eppes méi laang.

An der Virstellung, an där een d'Verbindung Äerd-Sonn als fest Achs wielt, huet d'Bunn vum Asteroid eng komplex Houfeiseform, d. h. den Asteroid kënnt der Äerd lues "vu vir" (aus der Beweegungsrichtung vun der Bunn), verschwënnt nees an déi selwecht Richtung, daucht 190 Joer spéider "vun hannen" nees op an distanzéiert sech nees dohi fir no 190 Joer erëm „vu vir“ ze kommen. E kompletten Zyklus dauert ongeféier 385 Joer. De Cruithne gouf an der géigewärteger Phas mat dem Äerd-Rendezvos entdeckt. Duerch seng Wiesselwierkung mat der Äerd besteet keng Gefor, datt hie mat Äerd kollidéiert. Hie kann eis net méi no wéi op 15 Millioune km kommen – dat ass ronn déi 40-fach Distanz tëscht Äerd a Mound. Well en sou kleng ass, ass hien och bei der nooster Distanz net mat bloussem A ze gesinn.

D'Bunn vum Cruithne ass duerch déi grouss Exzentrizitéit an hirer héijer Bunnschréi zimmlech komplex, wouduerch si net engem echten Houfeisenorbit ëm d'Äerd follegt. Bunnsimulatioune weisen, datt hie schonn eng gewëssen Zäit an dësem Orbit ass. Seng Bunn ass no Computersimulatiounen awer net laangfristeg stabil. Méiglecherweis wäert de Cruithne dës Bezéiung mat der Äerdbunn nëmmen e puer Joerdausende hunn an dann eng aner Bunn anhuelen.

Änlech Asteroiden[änneren | Quelltext änneren]

An der Tëschenzäit si weider Asteroide mat änlecher Bezéiung zu der Äerdbunn bekannt: (85770) 1998 UP1, (54509) YORP an 2002 AA29. Dee leschten huet eng bal kreesronn Bunn an der Géigend vun der Äerd a gëllt als deen éischten echte koorbitale Begleeder vun der Äerd op enger Houfeisenëmlafbunn.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  1. Nature: Volume 387, Seite 685-686 (1997): An asteroidal companion to the Earth: Wiegert, P.; Innanen, K.; Mikkola, S.: Preprint vum Artikel op der Homepage vum Prof. P. Wiegert (en): http://www.astro.uwo.ca/~wiegert/3753/preprint.html
  2. The Astronomical Journal: Volume 115, Seite 2604-2613 (1998): The orbital evolution of near-Earth Asteroid 3753: Wiegert, P., Innanen, K. and Mikkola, S.: Artikel online um Server vum Astronomical Journal (en): (PDF; 4,58 MB)
  3. Icarus: Volume 147, Issue 2, Seite 487-497: 10/2000: The Near-Earth Objects Follow-up Program: III. 32 Lightcurves for 12 Objects from 1992 and 1995: A. Erikson, S. Mottola, J. S. V. Lagerros, M. Lindgren, J. Piironen, T. Oja, G. Hahn, C. -I. Lagerkvist, A. W. Harris, A. Nathues and G. Neukum: Abstract an Artikel (am PDF-Format) online um Icarus-Server (en): http://dx.doi.org/10.1006/icar.2000.6457
  4. Icarus: Volume 171, Issue 1, Seite 102-109: 09/2004: Transient co-orbital asteroids: Brasser, R.; Innanen, K. A.; Connors, M.; Veillet, C.; Wiegert, P.; Mikkola, Seppo; Chodas, P. W.: Artikel online um Icarus-Server (en): http://dx.doi.org/10.1016/j.icarus.2004.04.019

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]