(65803) Didymos

Vu Wikipedia
(65803) Didymos
Eegenschafte vum Orbit
Orbittyp Äerdnoen Asteroid, PHA
Bezuchspositioun Equinoxe: J2000.0
Grouss Hallefachs 1,6444 A.E.
Exzentrizitéit 0,3838
Sideresch Ëmlafzäit 2,11 a
Inklinatioun 3,4076 Grad
Physikalesch Eegenschaften
Duerchmiesser 0,78 ± 0,08 km
Absolut Hellegkeet 18,0
Spektralklass SMASSII: Xk
Entdeckung
Entdecker Joe Montani
mam Spacewatchprogramm
Entdeckungsdatum 11. Abrëll 1996
Plaz Kitt Peak-Observatoire
Aner Bezeechnungen 1996 GT


De (65803) Didymos (1996 GT) ass en äerdnoen Duebelasteroid. E besteet aus Didymos A a sengem Mound Didymos B (dee spéider den offiziellen Numm (65803) Didymos I Dimorphos krut).

Den Didymos gouf als Zilobjet fir d'ESA-NASA-Missioun AIDA am Joer 2022 ausgesicht,[1]. mam Zil, Techniken an Technologië fir eng Asteroidenofwier auszeprobéieren an d'Ëmlafbunn vum klengen Himmelskierper, deen informell Didymoon genannt gëtt, liicht ze änneren.[2].,[3].

(65803) Didymos I Dimorphos[änneren | Quelltext änneren]

Den Asteroid gouf den 11. Abrëll 1996 am Kader vum Spacewatch-Projet um Kitt Peak-Observatoire vum Joe Montani entdeckt. Den Himmelskierper huet en Duerchmiesser vun zirka 800 m. Den 20. November 2003 gouf festgestallt, datt den Asteroid e Mound vun zirka 170 Meter Duerchmiesser huet, deen op enger Distanz vun ongeféier 1,1 km ëm dee méi groussen Asteroid kreest.[4]. De Begleeder krut déi virleefeg Bezeechnung S/2003 (65803) 1. Den 23. Juni 2020, krut en den offiziellen Numm (65803) Didymos I Dimorphos (aus dem Griicheschen: Δίμορφος, wat zwou Formen huet). Duerch déi zwou Missioune vun der NASA - DART an HERA - wäert de Mound den éischten astronomeschen Objet sinn, deen zwou Forme wäert hunn: eng virum Impakt an eng nom Impakt vun de Sonden.[5]

De 24. November 2021 gouf eng Raumsond vun der NASA am Kader vum Double Asteroid Redirection Test (DART) mat Hëllef vun enger Falcon 9-Rakéit vu SpaceX Richtung Dimorphos geschéckt. De 27. September 2022 ass d'Sond, déi d'Gréisst vun engem klengen Auto huet, mat enger Vitesse vu méi wéi 20 000 km/h op den Asteroid ageschlo.[6] Et gëtt sech erhofft datt eng Ännerung vun der Ëmlafvitess vu Dimorphos ronderëm Didymos entsteet, vun ongeféier 0,4 mm/s an esou d'Ëmlafzäit ëm 10 Minutte verlängert gëtt.

Am Oktober 2024 ass d'Missioun HERA geplangt, d'Sond soll da kläeren ëm wéi vill d'Ëmlafvitess effektiv g'ännert huet, a wéi grouss den Impakt vun der DART-Sond war.

Den Didymos a säi Mound Dimorphos, déi méi wéi 11 Millioune Kilometer vun der Äerd ewech sinn, wäerten ni ons Äerdbunn kräizen, et besteet deemno kee Risiko datt no béiden Experimenter den Asteroid op d'Äerd aschléit.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Asteroid Impact & Deflection Assessment (AIDA) op esa.int
  2. Asteroidenofwier – en Testversuch gëtt méi konkreet raumfahrer.net
  3. ESA's planetary defence test set for 2020 esa.int, gekuckt den 13. Abrëll 2015
  4. De Mound vum (65803) Didymos op johnstonsarchive.net (en)
  5. https://www.iau.org/news/pressreleases/detail/iau2007/
  6. https://www.lessentiel.lu/fr/story/un-vaisseau-de-la-nasa-percute-un-asteroide-pour-le-devier-174059392419