Álftanes

Vu Wikipedia
Álftanes
Land Island
Regioun: Höfuðborgarsvæði
Koordinaten: 64°06′N 22°00′W
Fläch: 5 km²
Awunner: 2.183 (2006)
Bevëlkerungsdicht: 436,6 / km²
Héicht: 0 m
Buergermeeschter: Sigurður Magnússon

Álftanes (mam vollstännegen Numm op Islännesch Sveitarfélagið Álftanes) ass eng Gemeng mat 2.183 Awunner an der Haaptstadregioun vun Island.

Álftanes läit am Südweste vu Reykjavík, op enger Hallefinsel. Den Numm heescht iwwersat op Lëtzebuergesch Schwane-Bucht (Swan's Cove). Álftanes läit zirka 1 Stonn ewech vum Zentrum vu Reykjavík, an zéng oder fofzéng Minutte vu Hafnarfjörður.

Geschicht vun Álftanes[änneren | Quelltext änneren]

Den Ingólfur Arnasson, den éischte Siidler vun Island, hat zu Álftanes en Terrain. Säi Koseng, den Ásbjörn Össurarson, huet d'Land duerno vum Ingólfur iwwerholl. 1878 gouf den Terrain an zwee gedeelt, an zwar a Bessastaðahreppur an a Garðahreppur. Zanter dem 1. Januar 2013 ass Álftanes en Deel vun der Stad Garðabær.

Am 19. Joerhonnert war d'Fëscherei déi wichtegst Industrie fir d'Awunner vun Álftanes. No 1940 ass d'Awunnerzuel vun Álftanes staark an d'Luucht gaangen; a mat hir d'Zuel vun de Gebaier.

Bessastaðir[änneren | Quelltext änneren]

Zu Álftanes ass d'Residenz vum President vun Island, dem Ólafur Ragnar Grímsson. Den Domaine, Bessastaðir, gehéiert dem islännesche Staat.

Bessastaðir: D'Haus vum President vun Island

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]