Äerdmagnéitfeld

Vu Wikipedia

D'Äerdmagnéitfeld beaflosst elektresch gelueden Deelecher an der sougenannter Magnéitosphär vun der Äerd.

Duerch de Sonnewand (elektresch gelueden Deelecher vun der Sonn), gëtt d'Magnéitosphär bis zu 60.000 km wäit an de Weltraum gestreckt.

D'Magnéitfeld vun der Äerd berout op Konvektiounsstréim am geschmolte baussenzegen Äerdkär. D'Hëtzt an den Drock an der Äerd suerge fir permanent Beweegunge vum baussenzege Kär. Dës Beweegunge ruffen elektresch Stréim ervir, déi de Planéit an e risege Magnéit verwandelen. Wéi e Stafmagnéit huet d'Äerd zwéi Magnéitpolen. Een an der Géigend vum geographeschen Nordpol an een an der Géigend vum geographesche Südpol.

D'Grenz vum Magnéitfeld nennt ee Magnéitopaus an de Magnéitschwanz ass wou d'Magnéitfeld vum Sonnewand ewechgezu gëtt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Äerdmagnéitfeld – Biller, Videoen oder Audiodateien