Ärenzdallgemeng

Vu Wikipedia
Ärenzdallgemeng
D'Märei vun der Ärenzdallgemeng zu Miedernach
An anere Sproochen fr: Commune de la vallée de l'Ernz
de: Ernztalgemeinde
Land Lëtzebuerg
Kanton Kanton Dikrech
Chef-lieu Miedernach
Buergermeeschter Bob Bintz
Awunner 2.770
  1. Januar 2023
Fläch 39,73 km²
Héicht 253 m
Koordinaten 49°49'N, 6°13'O
LAU-Code LU0610
Websäit http://www.aerenzdall.lu

D'Ärenzdallgemeng ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Dikrech.

D'Ärenzdallgemeng ass den 1. Januar 2012 aus der Fusioun vun de Gemengen Iermsdref a Miedernach entstanen. De Verwaltungssëtz (Chef-lieu) vun der Gemeng ass zu Miedernach.

Uertschaften a Lieu-diten an der Gemeng[1][änneren | Quelltext änneren]

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Wéi den Numm et ausdréckt, läit d'Ärenzdallgemeng am Dall vun der Wäisser Ärenz.

Fréier Gemeng Iermsdref[änneren | Quelltext änneren]

D'Landschaftsbild vun der fréierer Gemeng Iermsdref ass gréisstendeels vu landwirtschaftlechen Aktivitéiten (Wisen a Felder an enger oppener Gewan) markéiert. Ronderëm ware praktesch iwwerall Bëscher, déi awer zu 90 % um Territoire vun den Nopeschgemenge louchen. D'Wäiss Iernz, déi vu Süden no Norden derduerch leeft, huet d'Gemeng an zwou topographesch verschidde Géigende gespléckt, mat am Westen, dem méi oder manner flaache Plateau vu Steeën a Folkendeng, an am Osten, vum Uwänner vun der Iernz un, der koppeger Géigend tëscht Iermsdref an Eppelduerf. Do louch och, op enger flaacher Kopp, eng ronn 400 m nërdlech vum Gréiwenhaff, mat 420 Meter déi héchst Plaz an der Gemeng. Déi déifst Plaz war op der Hessemillen op ongeféier 210 Meter, do, wou d'Kriibsebaach an d'Wäiss Iernz leeft.

Fréier Gemeng Miedernach[änneren | Quelltext änneren]

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Gemengefusioun[änneren | Quelltext änneren]

Den 21. Mäerz 2010 hunn d'Bierger vun deenen zwou Gemenge sech an engem Referendum zu iwwer 83 % fir dës Fusioun ausgeschwat. Nom Vott vum Gemengerot de 6. Abrëll war d'Entscheedung definitiv.

D'Fusioun:

Am Juli 2022 gouf en neit Gemengenhaus, an der Fielsser Strooss zu Miedernach, a Betrib geholl[2].

Naturkatastroph[änneren | Quelltext änneren]

  • Den 22. Juli 2016 goufen d'Uertschaften an der Ärenzdallgemeng, grad wéi déi an de Gemenge Fiels a Reisduerf, d'Affer vun engem Joerhonnertreen, deen a kuerzer Zäit zu gewaltegen Iwwerschwemmunge gefouert huet bei deene vill Leit all hire Besëtz verluer hunn[3],[4].

Politik[änneren | Quelltext änneren]

Buergermeeschteren[änneren | Quelltext änneren]

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

  • den Dolebierg
  • d'Juddemonument zu Miedernach[7]

Interkommunal Syndikater[änneren | Quelltext änneren]

D'Ärenzdallgemeng ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ärenzdall – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. D'Nimm vun den Uertschaften entspriechen deenen déi de Kadaster, unhand vu sengen Attributiounen déi am Gesetz vum 25. Juli 2002 portant réorganisation de l’administration du cadastre et de la topographie festgehale sinn, opgestallt huet, an déi am «Registre national des localités et des rues» opgezielt sinn. Häff a Lieu-diten sinn déi localités wéi se zousätzlech am Annuaire officiel d'Administration et et de législation 2000 ënner III. Annexes opgelëscht sinn.
  2. "Nouvelle mairie / Neues Gemeindehaus" am Gemengebuet 2023-01, S.72-73, op aerenzdall.lu.
  3. Land unter im Ernztal op wort.lu
  4. Ein für Luxemburg unvorstellbares Ausmaß op wort.lu vum 25. Juli 2016
  5. Bürgermeister der Ernztalgemeinde tritt zurück. Luxemburger Wort (22.12.2022). Gekuckt de(n) 22.12.2022.
  6. (fr)Assermentation du nouveau bourgmestre et d'un nouvel échevin de la commune de la Vallée de l'Ernz. mint.gouvernement.lu (09.02.2023). Gekuckt de(n) 09.02.2023.
  7. Schoentgen, Marc: Die jüdische Gemeinschaft in Medernach – Einwanderung, Integration und Verfolgung (Auszuch)