Åke Wallenquist

Vu Wikipedia
Åke Wallenquist
Gebuertsnumm Åke Anders Edvard Wallenquist
Gebuer 16. Januar 1904
Gestuerwen 8. Abrëll 1994
Uppsala
Nationalitéit Schweden
Educatioun Universitéit Uppsala
Aktivitéit Astronom, Universitéitsprofesser
Member vun Schweedesch Akademie vun de Wëssenschaften

Den Åke Anders Edvard Wallenquist, gebuer de 16. Januar 1904 zu Västervik a gestuerwen den 8. Abrëll 1994 zu Uppsala war e schweedeschen Astronom.

Tëscht 1928 an 1935 huet hien am hollännesche Bosscha-Observatoire an Indonesien geschafft. 1948 krut hien eng Plaz als Assistenzprofesser um Observatoire Kvistaberg vun der Universitéit Uppsala. Do huet hien du mat Fuerschungen iwwer Duebelstären ugefaangen, awer geschwë goufen Oppe Stärekéip an hir Eegenschafte säin Haaptfuerschungsgebitt.

De Wallenquist war Member vun der Kinneklech schweedescher Akademie vun de Wëssenschaften zu Stockholm souwéi vun der Kinneklecher Gesellschaft vun de Wëssenschaften zu Uppsala. Vun den 1950er Joren un, war hien den Haaptauteur fir populärwëssenschaftlech Astronomie a Schweden. Seng Bicher hu ville jonke Mënschen d'Astronomie méi no bruecht.

Auszeechnungen[änneren | Quelltext änneren]

1979 krut hien de Karin Gierow Präis vun der Svenska Akademien.

Am selwechte Joer gouf den Asteroid (2114) Wallenquist no him genannt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]