Åland
| Dëse Geographiesartikel iwwer Finnland ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Åland | |
|---|---|
|
(fi) Ahvenanmaan maakunta (sv) Åland | |
|
| |
|
| |
| Allgemenges | |
| Regioun | |
| Gehéiert zu | Nordeuropa, Nordesch Länner |
| Benotzt Sprooch | Schweedesch |
| Chef-lieu | Mariehamn |
| Besteet aus | Brändö, Kumlinge, Vårdö, Saltvik, Sund, Finström, Geta, Hammarland, Eckerö, Jomala, Lemland, Lumparland, Föglö, Sottunga, Kökar, Mariehamn |
| Landeshymn | Ålänningens sång |
| Autosplack | AX |
| Websäit | https://www.regeringen.ax/ |
| Demographie | |
| Awunner | 30.836 |
| 31. Dezember 2025 | |
| Geographie | |
| Koordinaten | 60°15'N, 20°0'O |
| Fläch | 1.582,93 km² |
| Héchste Punkt | Orrdalsklint () |
| Grenzt un | Varsinais-Suomi, SE11, SE121 |
|
| |
|
Kaart mat der Lag | |
D'Regioun Åland (
Åland ? / i, fi. Ahvenanmaan maakunta, sv. Landskapet Åland) ass eng vun den 19 Regiounen a Finnland; s'ass awer gréisstendeels politesch autonom. De Chef-lieu ass Mariehamn.
D'Regioun huet 30.836 Awunner (Stand 31. Dezember 2025)[1] an ass 1.582,93 km² grouss; d'Bevëlkerungsdicht läit deemno bei 19,48 Awunner / km²[2].
Geographie
[änneren | Quelltext änneren]D'Regioun Åland besteet aus enger Inselgrupp mam selwechten Numm, déi am nërdleche Baltesche Mier, am Agang vum Bottnesche Golf, tëscht Schweden a Finnland läit.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Opgrond vun enger Entscheedung vum Vëlkerbond vun 1921 gehéiert d'Regioun als entmilitariséiert Zon zu Finnland, déi hir bannenzeg Affären awer gréisstendeels autonom verwalt. Schweedesch ass déi eenzeg offiziell Sprooch.
Verschidde politesch a wirtschaftlech Rechter sinn och fir finnesch Staatsbierger nëmme limitéiert disponibel.
Ekonomie
[änneren | Quelltext änneren]D'Ekonomie vun den Insele gëtt vum Tourismus a Schëffsverkéier bestëmmt. Fir de Schëffstrafick gëlle steierlech Virdeeler, well een am Verkéier mat Åland steierfräi akafe kann.
Verwaltung
[änneren | Quelltext änneren]Gemengen
[änneren | Quelltext änneren]Zur Regioun gehéieren dës 16 Gemengen (Stand: 01.01.2026)[3]:
- Brändö
- Eckerö
- Finström
- Föglö
- Geta
- Hammarland
- Jomala
- Kumlinge
- Kökar
- Lemland
- Lumparland
- Mariehamn
- Saltvik
- Sottunga
- Sund
- Vårdö
D'Gemeng Sottunga ass mat 101 Awunner déi klengst Gemeng vu Finnland (Stand: 31. Dezember 2025).
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Åland – Biller, Videoen an Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ (en) Key figures on population by Area, Information and Year. Gekuckt den 21. Abrëll 2026.
- ↑ Awunner a Fläch ginn automatesch vu Wikidata agebonnen.
- ↑ (en) Statistics Finland, Px code list of municipalities and regional divisions based on municipalities 2025 | Statistics Finland. stat.fi (01.01.2025). Gekuckt den 21.04.2026.
