École apostolique vu Clairefontaine
(Virugeleet vu(n) École Apostolique vu Clairefontaine)
Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen
D'École apostolique vu Clairefontaine an der klenger belscher Uertschaft Clairefontaine (Gemeng Arel), no bei Äischen, gouf 1889 vum Pater Dehon gegrënnt.
Hien hat den Dominikanerinnen déi an d'Stad geplënnert sinn, d'Gebaier vum Klouschter ofkaaft, an eng apostoulesch Schoul dran ageriicht. Et war e Lycée an deem d'Schüler, déi wollten an d'Congregatioun antrieden, hire Sekundarstudium konnte maachen. Se war awer och op fir aner Schüler. D'Schoul huet 1986 hir Dieren zougemaach an d'Gebaier goufen nei organiséiert, fir vun 1991 un e Centre d'accueil fir Animatioun a spirituell Formatioun draus ze maachen.
Vun den Haiser, déi de Pater Dehon gegrënnt huet, an déi haut nach bestinn, ass dat vu Clairefontaine dat eelst.
Bekannt Schüler[änneren | Quelltext änneren]
- Joseph Lorenzo Philippe
- Nicolas Kinsch
- Joseph Adam
- Josy Braun
- Adrien Ries (gréistendeels)
- John Scheid
- Jean Greisch
- Jean Krier (Archeolog)
- Jean-Claude Juncker
- Edouard Marc Kayser
- Nico Graf
- Jean-Claude Hollerich (deelweis)
Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Commons: École apostolique vu Clairefontaine – Biller, Videoen oder Audiodateien |