Élisabeth Vigée-Le Brun
| Élisabeth Vigée-Le Brun | |
|---|---|
|
| |
| Gebuer |
16. Abrëll 1755 Paräis |
| Gestuerwen |
30. Mäerz 1842 Paräis |
| Alter | 86 Joer |
| Nationalitéit | Frankräich |
| Aktivitéit | Molerin, Salonnière, Schrëftstellerin, Kënschtlerin |
| Fonctioun | Haffmolerin |
| Member vun | Académie royale de peinture et de sculpture |
| Famill | |
| Bestuet mat | Jean-Baptiste-Pierre Le Brun (11.1.1776–) |
| Mamm | Jeanne Maissin |
| Geschwëster | Étienne Vigée |
|
| |
D'Louise-Élisabeth Vigée-Le Brun (och: Lebrun), gebuer de 16. Abrëll 1755 zu Paräis, an och do den 30. Mäerz 1842 gestuerwen, war eng franséisch Molerin, déi bekannt dofir ass, eng ganz Rëtsch Portraite vun europäeschen Adlege gmoolt ze hunn.
De Stil vun hire Wierker geet vum Rokoko an de Klassizismus.
Hire Mann, de Jean-Baptiste-Pierre Le Brun (1748–1813), war en Nokomme vum Charles Le Brun, engem Haffkënschtler vum Louis XIV. Duerch de Le Brun am Numm war et hier méiglech, u Clienten ënnert den Adlegen ze kommen; 1778 huet si souguer e Portrait vun der von Marie-Antoinette dierfe molen, wat hir weider Commandë geséchert huet.
1783 gouf si Member vun der Académie royale de peinture et de sculpture, an huet hir Wierker op där hire Salonen ausgestallt.
An der Folleg vun der Franséischer Revolutioun ass si 1789 mat hirer Duechter an enger Nounou an Italien geflücht, wou se ronderëmgereest ass, gemoolt an ausgestallt huet. 1795 ass si fir 6 Joer op Sankt Péiterbuerg wunne gaangen, wou si weiderhin als Portraitistin ronderëm den Zarenhaff gewierkt huet.
1800 huet si nees dierfen a Frankräich zeréck. Si ass weiderhin ëmmer nees doruechter gereest fir Portraiten ze molen.
Hier Neveuen an Niëssen hunn 1835-37 hir Memoiren erausbruecht.
Wierker
[änneren | Quelltext änneren]Vun der Élisabeth Vigée-Lebrun sinn eng 660 Portraiten an 200 Landschaftsbiller erhalen,
- Marie-Antoinette en Chemise, 1783
- Selbstportait mat der Duechter Julie, 1786
- Prënz Henryk Lubomirski als Genius vum Ruhm, 1789
- aria Josefa Hermenegilde von Esterházy, 1793
- Portrait Anna Stroganowa, 1795
- Zarin Elisabeth Alexejewna
- Portrait vun der Operesängerin Giuseppina Grassini, 1805
- Pelagia Sapieha née Potocka, 1794,
- De Mohammed Dervish Khan

- Selbstportraiten
Et gi 37 Selbstportraite vun der Elisabeth Vigée-Lebrun, wouvun der 20 Kopië sinn, déi si selwer gemaach huet. Dat bekannst ass dat mam stréien Hutt vu 1782.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Louise Élisabeth Vigée-Lebrun: Souvenirs. 3 Bänn. Fournier, Paris 1835–1837 (dacks nei editéiern).
Sekundärliteratur
[änneren | Quelltext änneren]- Joseph Baillio: Élisabeth Louise Vigée Le Brun, 1755–1842. University of Washington Press 1983, ISBN 0-295-96012-4.
- Inès de Kertanguy: Madame Vigée-LeBrun. Perrin, Paris 1994, ISBN 2-262-00006-9.
- Mary D. Sheriff: The Exceptional Woman. Elisabeth Vigée-Lebrun and the Cultural Politics of art. University of Chicago Press, Chicago IL u. a. 1996, ISBN 0-226-75275-5.
- Angelica Goodden: The Sweetness of Life. A Biography of Elizabeth Louise Vigée Le Brun. Andre Deutsch, London 1997, ISBN 0-233-99021-6.
- Gerrit Walczak: Elisabeth Vigée-Lebrun. Eine Künstlerin in der Emigration 1789–1802 (= Passerelles. 5). Deutscher Kunstbuchverlag, Berlin u. a. 2004, ISBN 3-422-06457-5.
- Gita May: Elisabeth Vigée Le Brun. The odyssey of an artist in an age of revolution. Yale University Press, New Haven CT u. a. 2005, ISBN 0-300-10872-9.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Élisabeth Vigée-Le Brun – Biller, Videoen an Audiodateien |
- Vigée-Lebrun op batguano.com
