Élisabeth vu Lëtzebuerg (1922-2011)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Duechter vun der Groussherzogin Charlotte an dem Prënz Felix. Fir aner Frae mam Titel 'Élisabeth vu Lëtzebuerg', kuckt wgl. Élisabeth vu Lëtzebuerg.
Élisabeth vu Lëtzebuerg
Gebuer 22. Dezember 1922
Schlass Bierg
Gestuerwen 22. November 2011
Schlass Fëschbech
Doudesursaach Krankheet
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Aristokrat
Famill
Papp Felix vu Bourbon-Parma
Mamm Charlotte vu Lëtzebuerg
Geschwëster Marie-Gabrielle vu Lëtzebuerg, Alix vu Lëtzebuerg, Charles vu Lëtzebuerg, Jean vu Lëtzebuerg, Marie-Adélaïde vu Lëtzebuerg

D'Prinzessin Élisabeth Hilda Zita Marie Anna Antonia Friederike Wilhelmine Louize vu Lëtzebuerg, bestuet Herzogin vun Hohenberg, gebuer den 22. Dezember 1922 op Schlass Bierg, a gestuerwen den 22. November 2011, war eng lëtzebuergesch Prinzessin, Duechter vun der Groussherzogin Charlotte vu Lëtzebuerg an hirem Mann, dem Prënz Felix

Si huet den 9. Mee 1956 an der Stad Lëtzebuerg de Franz Herzog von Hohenberg (1927–1977) bestuet. Si kruten 2 Kanner:

  • Prinzessin Anita von Hohenberg (gebuer den 18. August 1958 op Schlass Bierg), bestuet 1978 mam Romée de La Poëze Comte d'Harambure (gescheet 1998), bestuet 2005 mam Andreas Graf von Bardeau.
  • Prinzessin Sophie von Hohenberg (gebuer den 10. Mee 1960 op Schlass Bierg), bestuet 1983 mam Jean-Louis de Potesta

Den 22. November 2011 huet den Haff matgedeelt datt Prinzessin Elisabeth gestuerwen ass.[1]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Doud vun der Prinzessin Elisabeth op rtl.lu gekuckt den 22.11.2011