Émile Duployé
| Émile Duployé | |
|---|---|
|
| |
| Gebuer |
10. September 1833 Liesse-Notre-Dame |
| Gestuerwen |
9. Mee 1912 Saint-Maur-des-Fossés |
| Alter | 78 Joer |
| Nationalitéit | Frankräich |
| Aktivitéit | Pedagog, Theolog |
|
| |
Den Émile Duployé, gebuer den 10. September 1833 zu Liesse-Notre-Dame, am Departement Aisne, a gestuerwen den 9. Mee 1912 zu Saint-Maur-des-Fossés, haut am Departement Val-de-Marne) war e franséische Geeschtlechen, Pedagog an den Erfinder vun engem Stenografiesysteem.
Liewen a Wierken
[änneren | Quelltext änneren]Den Duployé goung vun 1843 bis 1851 an d'Schoulen a Seminäre vu Liesse, Laon a Soissons, wou en ë.a. och vum Schoulmeeschter Potel vun Dieppe d'Stenogefie-Method vum Aimé Paris geléiert huet. Hie gouf den 18. Juni 1859 zum Priister geweit an duerno Paschtouer a Kaploun um Kolléisch vu Laon. 1865 bis 1870 war hie Paschtouer vu Montigny en Arrouaise. Am Juli 1870 krut hien d'Erlabnes vum Bëschof, op Paräis ze goen, fir do u senger Aarbecht iwwer Stenografie virunzefueren. Hie gouf do Paschtouer an der Kierch Saint Nicolas des Champs, da Kaploun an engem Bildungshausan an engem Nonneklouster zu Montrouge an dono Paschtouer vun der Kapell Saint André zu Montreuil-sous-Bois.
Vun 1887 bis 1889 hat hien eng Plaz zu Aizelles bei Corbeny a war dono bis 1908 Paschtouer vu Sinceny bei Nom Doud vu sengem Brudder ass den Duployé nees op Saint Maur des Fossé geplënnert, wou en an der Abtei Sacré Cœur getuerwen ass.[1]
1860 huet hien zesumme mat sengem Brudder Gustave Duployé säin éischt Léierbuch mam Titel Sténographie Duployé, ou l’art de suivre, avec l’écriture, la parole, etc. zu deem vun him entwéckelte Stenographiesystems erausbruecht. HIen huet 1872 zu Paräis den Institut sténographique des Deux-Mondes gegrënnt a geleet, dat eng eegen Dréckerei hat. Sou koum iwwer d'Joeren, nieft Zeitungen a Léierbicher, d'Bibliothèque sténographique eraus, an där belletristesch Wierker, Ënnerhalungs- a soss Texter a stenographescher Schrëft erauskoumen.[2]
De Système Duployé gouf spéiderhin och vn anere franséischsproochege Staaten iwwerholl. Nach zu de Liefzäite vum Duployé sinn a Frankräich eng zwanzeg Zeitungen an Zäitschriften a senger Kuerzschrëft erauskomm.
An der Stad Lëtzebuerg, wéi och op anere Plazen, gouf eng Strooss nom Emile Duployé genannt.[3]
Wierker
[änneren | Quelltext änneren]- Sténographie-Duployé: écriture plus rapide que toute autre s’apprenant sans maître en quelques heures se lisant comme l’écriture ordinaire. 1860 (25. Oplo), op gallica.bnf.fr.
- Die Stenographie Duployé für die deutsche Sprache bearb. von J[ean]. Jos[eph] Weiler. 5., rev. Auflage. Paris: Duployé, 1909.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- J.-F. Germanet: La sténographie. Ses origins et son histoire, ses principes et son avenir. Berger-Levrault, Paris 1899.
- Paul G. Mitzschke: Emile Duployé et son oeuvre. Duployé, Paris 1908.
- Bernhard Klöpel: Das Duployésche Stenographiesystem und seine Metagraphie. Eberlein, Pirna 1909.
- Isaac Pitman: The Pitman’s shorthand instructor. Selbstverlag, London 1913.
- Hubert Brück: Lehrbuch der deutschen Stenographie Duployé-Brück. Worré-Mertens, Luxemburg 1936.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Émile Duployé – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- L’Abbé Emile Duployé liessenotredame.fr (französisch)
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ L’Abbé Emile Duployé liessenotredame.fr.
- ↑ Duployé, Emile, Erfinder des verbreitetsten französischen Stenographiesystems. Meyers online.
- ↑ L-1427; Lokalisatioun op geoportail.lu.
