Émile Konter
![]() |
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Émile Konter | |
---|---|
Gebuer | 25. Februar 1911 |
Gestuerwen | 28. Juli 1973 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Boxer |
Den Émile Konter, gebuer de 25. Februar 1911 zu Athus, gestuerwen den 28. Juli 1973 zu Ettelbréck,[1] war e lëtzebuergesche Boxer.
Als Jugendleche war hien een aktiven Turner an der Société de Gymnastique L'Avant-Garde Rodange. 1929 huet hie mam Boxen am deemolege Boxveräin Boxing-Club Déifferdéng ugefaangen. Ufanks 1932 ass hie scho Profi ginn an huet ënner dem fréiere franséische Profiboxer Louis de Ponthieu zu Paräis trainéiert.
Hien huet an der Hallef-Schwéiergewiicht Klass (76,2-79,4 kg) geboxt an ass international bekannt ginn. Seng gréisst Erausfuerderung war de Boxmatch géint den Adolph Heuser den 21. Juni 1935 am Sportpalast zu Berlin, e Match, deen hien duerch KO verluer huet. Am Zweete Weltkrich gouf den Émile Konter Turnstonnen am Dikrecher Kolléisch. 1947 huet hien de Café Central zu Iechternach iwwerholl.
Matcher[änneren | Quelltext änneren]
Datum | Géigner | Plaz | Resultat | |
---|---|---|---|---|
5. Juni1939 | ![]() |
Rotterdam | Verluer no Punkten | |
12. Februar 1939 | ![]() |
Dortmund | Verluer TKO | |
9. Abrëll1937 | ![]() |
Düsseldorf | Gewonnen no Punkten | |
8. Februar1937 | ![]() |
Rotterdam | Gewonnen KO | |
15. Januar 1937 | ![]() |
Hannover | Onentscheet | |
21. Juni 1935 | ![]() |
Berlin | Verluer KO | |
23. Oktober 1934 | ![]() |
Paräis | Gewonnen no Punkten | |
10. Abrëll 1934 | ![]() |
Paräis | Verluer no Punkten | |
3. Juli1933 | ![]() |
Wien | Verluer no Punkten | |
26. Mee 1928 | ![]() |
Paräis | Verluer no Punkten |
Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]
Portal Sport
- Lëscht vu lëtzebuergesche Sportler
- Lëscht vu lëtzebuergeschen Olympioniken
- Lëtzebuergesch Sportler vum Joer
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
- Säit vun der Lëtzebuerger Boxfederatioun
- Lëscht mat de wichtegsten internationale Boxmatcher vum Emile Konter
Referenzen[Quelltext änneren]
- ↑ Frëndlecherweis matgedeelt vum Bureau de la Population vun der Stad Iechternach