Émile Mouris

Vu Wikipedia
Émile Mouris
Gebuer 21. Januar 1853
Gestuerwen 31. Januar 1924
Aktivitéit Architekt

Den Émile Mouris, gebuer den 21. Januar 1853 zu Dikrech, a gestuerwen den 31. Januar 1924 zu Verviers, war e belschen Architekt mat lëtzebuergeschen Originnen.

Nodeem hien e puer Joer Stagen zu Bréissel gemaach hat, huet hien duerch Naturalisatioun déi belsch Nationalitéit ugeholl an en huet sech 1892 zu Verviers als Architekt etabléiert.

Eng Partie Schoulen an der Belsch goufe vum Mouris entworf.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Gilbert P., 1986. La capitale et ses architectes: illustration critique de l'architecture dans la métamorphose d'une ville en un siècle. Institut grand-ducal, section des arts et des lettres, 222 S. Imprimerie Saint-Paul, S. 159