Émile Schaaff
| Émile Schaaff | |
|---|---|
| Gebuer | 5. Februar 1868 |
| Gestuerwen | onbekannt |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Politiker |
| Fonctioun | Buergermeeschter |
|
| |
Den André Émile Schaaff (Schaaf), gebuer de 5. Februar 1868 zu Iechternacherbréck[1] a gestuerwen den 9. Dezember 1930 zu Iechternach[2], war en Iechternacher Gierwer a Gemengepolitiker.
Seng Eltere waren de Jacques Schaaff an d'Catherine Weides. Hie selwer war Jonggesell.[1]
De 27. September 1899 ass den Émile Schaaff, dee do schonn am Gemengerot war, Member vun der lokaler Schoulkommissioun ginn.[3]
Hie war Buergermeeschter vun Iechternach vum 8. Januar 1918 (Datum vun der Nominatioun) bis den 30. Dezember 1924.[1]
Den Émile Schaaff war Member vum Festkommitee vum Willibrordus-Bauveräin, dee sech ëm d'Dekoratioun vun de Stroossen a Plaze gekëmmert huet, déi um Wee vun de Reliquie vum hellege Willibrord, déi de 4. Juni 1906 aus der Parkierch an d'Basilika iwwerdroe goufen, louchen.[4]
Referenzen
[Quelltext änneren]- 1 2 3 Liste des maires respectivement bourgmestres de la ville d'Echternach. Archives de la Ville d'Echternach.
- ↑ Luxemburger Wort 1930-12-11, Nr. 343, S. 5 (Doudesannonce).
- ↑ Luxemburger Wort 1899, Nr. 272 (29. September), S. 3 Archivéiert de 04.07.2022. Gekuckt de 07.03.2011.
- ↑ Luxemburger Wort 1906, Nr. 95 (5. Abrëll), S. 3 Archivéiert de 04.07.2022. Gekuckt de 07.03.2011.
