Émile Verhaeren
| Émile Verhaeren | |
|---|---|
|
| |
| Gebuertsnumm | Émile Adolphe Gustave Verhaeren |
| Gebuer |
21. Mee 1855 Sint-Amands |
| Gestuerwen |
27. November 1916 Rouen |
| Alter | 61 Joer |
| Nationalitéit | Belsch |
| Educatioun |
Kathoulesch Universitéit vu Léiwen, Al Universitéit vu Léiwen |
| Aktivitéit | Schrëftsteller, Dichter, Dramatiker |
| Bestuet mat | Marthe Massin |
|
| |
Den Émile Verhaeren, gebuer den 21. Mee 1855 zu Sint-Amands an der belscher Provënz Antwerpen, a gestuerwen de 27. November 1916 zu Rouen, war e belschen Dichter. Hien huet op franséisch geschriwwen a war bekannt fir seng symbolistesch Gedichter. Do dernierft huet hien och Kuerzgeschichten, Theaterstécker a Konschtkriticke geschriwwen.
Säi Wierk gouf an 28 Sproochen iwwersat, dorënner Englesch, Russesch, Däitsch, Chineesesch a Japanesch. Säin éischte Gedichtsband, Les Flamandes koum 1883 eraus. 1886 ass Les Moines erauskomm, an tëscht 1888 an 1891 koum seng schwaarz Trilogie eraus: Les Soirs (1888), Les Débâcles (1888) a Flambeaux noirs (1891).
Zu sengen Theaterstécker zielen Le Cloître (1900), Philippe II (1901) an Hélène de Sparte (1912).
Hien ass bei engem Accident an der Gare vu Rouen ëm d'Liewe komm, well hien ënner en Zuch gefall war.
An der Stad Lëtzebuerg gouf eng Strooss zu Märel no him genannt.[1]
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Charles Baudouin, Le Symbole chez Verhaeren, Genève, Mongenet, 1924.
- André Mabille de Poncheville, Vie de Verhaeren, Paräis, Mercure de France, 1953.
- Jean-Marie Culot, Bibliographie de Émile Verhaeren, Duculot, 1954.
- Paul Servaes, Emile Verhaeren, een Vlaams dichter voor Europa, Antwerpen, EPO, 2012
- Gilles Van Grasdorff & Alain Antoine-Plisnier, Dites-nous Émile Verhaeren, Bréissel, Chabassol, 1986.
- Béatrice Worthing, Émile Verhaeren (1855-1916), Paräis, Mercure de France, 1992.
- Marcel Wardavoir, Les Heures sombres d'Émile Verhaeren, Le Livre, 1995.
- Jacques Marx, Verhaeren, biographie d'une œuvre, Bréissel, 1996.
- David Gullentops, L'inventaire de la bibliothèque d'Émile Verhaeren, Paris, 1996.
- David Gullentops, Poétique de la lecture. Figurativisations et espace tensionnel dans la poésie d'Émile Verhaeren, VUB-University Press, 2001.
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ L-2666. Lokalisatioun op geoportail.lu.
