Ëmweltverschmotzung

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Loftverschmotzung duerch e Camion op enger Autobunn a Südafrika

Ëmweltverschmotzung oder Ëmweltpollutioun ass d'Pollutioun vun der Ëmwelt, dat heescht vum natierleche Liewensëmfeld vum Mënsch. Ënner Pollutioun versteet een d'Kontaminatioun vum Liewensëmfeld, wat negativ Konsequenzen fir seng weider Entwécklung kann hunn. D'Belaaschtung vun der Ëmwelt kann ënnerschiddlech Formen unhuelen: Offall, Ofwaasser, Ofgasen, mä och net-stofflech Emissioune wéi Stralung, Kaméidi oder Pollutioun duerch Luucht.