Op den Inhalt sprangen

Ënnerwäsch

Vu Wikipedia
Fënnef verschidden Zorten ënnescht Boxe fir Männer.
Fraenënnerwäsch aus den 1950er Joren.

Ënnerwäsch ass Gezei, dat direkt op der Haut gedroe gëtt, am Allgemengen ënnert den anere Kleeder.

Wat als Ënnerwäsch gëllt, hänkt vill vu sozialen Normen, der Moud an de lokale Gesetzer of.

Ënnerwäsch léisst sech an zwou grouss Kategorien ënnerdeelen: engersäits déi, déi den Uewerkierper bedeckt (oder en Deel dovun), an anerersäits den ënneschten Deel, deen ënnert der Taille gedroe gëtt. Et gëtt awer och Ënnerwäsch, déi béid Kierperhallschente bedeckt.

Zur gängeger Ënnerwäsch ziele bei de Fraen de Soutien an de Slip, a bei de Männer de Kalzong. Aner Kleeder, wéi en Hiemchen oder T-Shirt, kënnen als regulär Kleeder oder als Ënnerwäsch ugedoe ginn. Jee no Definitioun zielen och d'Strëmp zur Ënnerwäsch.

Ënnerwäsch gëtt aus hygieenesche Grënn gedroen, well si d'Gezei, dat iwwert der Ënnerwäsch ugedoe gëtt, viru Verschmotzungen duerch zum Beispill Schweess oder Urin schützt.

Si kann och Halt bidden; e Soutien zum Beispill stäipt d'weiblech Brëscht, an de Kalzong erfëllt de selwechten Zweck fir déi männlech Geschlechtsorganer. Verschidden Zorten Ënnerwäsch, wéi de Corset, kënnen d'Form vum Kierper veränneren, soulaang d'Persoun en unhuet.

Et existéiert besonnesch Ënnerwäsch fir sportlech Aktivitéiten, zum Beispill Ënnerwäsch mat engem integréiertem Schutz fir de Genitalberäich oder Sport-BHen, déi zousätzlechen Halt bidden. Bei kalem Wieder kann ee speziell Ënnerwäsch undoen, déi méi déck an extra laang ass, an esou als zousätzlech Isolatiounsschicht déngt, déi de Kierper waarm hält.

Verschidden Zorten Ënnerwäsch ginn donieft aus erotesche Grënn gedroen, zum Beispill d'Jarretelle.

Och fir ze schlofe kann een Ënnerwäsch undoen. Speziellt Gezei fir ze schlofe gëtt awer prinzipiell zur Nuetswäsch an net zur Ënnerwäsch gezielt, wéi de Pyjama, d'Nuetshiem, oder den Negligé.

Zorten Ënnerwäsch

[änneren | Quelltext änneren]

Zur Ënnerwäsch ginn ënner anerem follgend Kleeder gezielt:

 Commons: Ënnerwäsch – Biller, Videoen oder Audiodateien